WiederphenomenFormatioun vun engem Tornado am Norde vum Land un der belscher Grenz

RTL Lëtzebuerg
Informatiounen no hätt et Schied duerch dësen Trëndel an der Belsch ginn, net wäit vun der Lëtzebuerger Grenz ewech.
Klengen "Tornado" tëscht Hengescht a Wäiswampech
Um Sonndeg den Owend huet den Thierry Calderoni dëst Phenomen gefilmt.

Zu Houffalize (B) gouf ënnert anerem e Bauerenhaff zerstéiert an Diecher vun anere Gebaier goufen ofgedeckt. Eng Famill gouf evakuéiert. Wéi d’Kolleege vum belschen RTL mellen, goufen et keng Blesséierter. Plazeweis sinn och Beem ëmgefall an et goufen Iwwerschwemmungen an de Regioune vun Ohey an Andenne.

Back to Top
CIM LOGO