D'Budgetkontrollkommissioun huet iwwer den Encadrement vun Acquisen a Ventë vun Terrainen duerch de Staat geschwat.

Dossier Fage a seng Konsequenzen - Reportage vum D. Hoffmann

Fir 30 Milliounen Euro hat de Staat en Terrain vu 15 Hektar an der Industriezon tëscht Diddeleng a Beetebuerg un d'Firma Fage verkaaft. Nodeems sech dës dunn awer net zu Lëtzebuerg wollt nidderloossen, huet de Staat den Terrain fir de selwechte Präis nees zeréckkaf.

An engem Rapport hat d'Cour des Comptes d'Manéier kritiséiert, wéi de fréiere LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider am Dossier vu Fage virgaange wier.
An Zukunft soll et net méi zu sou Onstëmmegkeete kënne kommen. Zwee Representanten, ee vum Ekonomieministère an ee vum Finanzministère hunn déi Deputéiert vun der Kommissioun iwwert de Sujet ënnerriicht. Ënner anerem och, datt den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot am Gaangen ass, un engem Projet de loi ze schaffen, fir alleguerten de Punkten, déi d'Cour des Comptes kritiséiert hat, Rechnung ze droen.

D'CSV-Deputéiert Diane Adehm erkläert, datt an der Vergaangenheet de Comité Acquisition dat, wat den Ekonomieministère beim Kaf vun engem Terrain ausgehandelt hat, just duerchgewonk huet. Dat soll sech elo änneren:

Hei ass awer elo mol festgehale ginn, datt an Zukunft, wann nach eng Kéier eng Vente vun engem Terrain gemaach gëtt, dass dat da soll duerch de Regierungsrot goen, an dass déi dann och mussen hiren Accord ginn, ier dat dote gemaach gëtt. Well de Problem war an der Vergaangenheet, datt et wuel eng Commissioun spéciale gouf, op Basis vum 93er Gesetz, mee dass déi ni richteg funktionéiert huet. Och net am Kader vu Fage, fir do déi Vente vum Terrain ze maachen.

Doriwwer eraus gouf festgehalen, datt de Comité Acquisition sech och eng Linn gëtt, fir ze kucken, wat Terrainen uechtert d'ganz Land wäert sinn, falls de Staat nees eng Kéier en Terrain wëll kafen.

Wann et dann awer esou Projete sinn, wou de Staat ausnamsweis verkeeft, bräicht et u sech en Encadrement vu Leit, déi dat schonn eng Kéier gemaach hunn, seet den Deputéierte vun de Piraten, de Sven Clement.

Wat awer ganz kloer erauskomm ass, ass dat dee Comité d’Acquisition besser muss encadréiert ginn. Souwuel gesetzlech, wei och reglementaresch. E funktionéiert haut op enger relativer Ad Hoc-Manéier, wat mer och doduerch erausfonnt hunn, well mer och gesot krut hunn, datt och d'Zesummesetzung relativ flexibel kann änneren. 

An Zukunft wäert dofir festgehale ginn, aus wéi enge Persoune sech dëse Comité zesummesetzt.