Wéinst enger Corona-Infektioun ass de Premier Xavier Bettel aktuell hospitaliséiert an dofir krut de Pierre Gramegna d'Délégation de signature.

Iwwer 800 detektéiert Neiinfektiounen am Laf vun enger Woch an dovunner eleng knapps 400 iwwert de Weekend. D’Corona-Zuelen zéien hei zu Lëtzebuerg nees un. Allerdéngs ass déi positiv Nouvelle, dass d’Zuel vun de Leit, déi hospitaliséiert musse ginn, bis ewell nach net klëmmt. A fir déi véiert Woch hannerteneen ass och kee méi um Virus gestuerwen.

Ee vun den hospitaliséierte Patienten ass den Ament jo de Premier Xavier Bettel. Hie muss no senger Corona-Infektioun nach fir bis zu 4 Deeg am Spidol bleiwen. Säin Zoustand wier seriö, mee stabel. Dat huet de Staatsministère e Méindeg matgedeelt.

Wat ass d'Délégation de signature?

Wat ass d'Délégation de signature?

De Premier géing weiderhin d'Regierungsaarbecht koordinéieren, ma de Finanzminister Pierre Gramegna krut d'Délégation de signature. Dat heescht de Premier gëtt de Pouvoir of, fir Signaturen ënnert säi Courrier ze maachen. Dat a senger Funktioun als Staatsminister, ma och a senge Ressorte vun der Kommunikatioun, de Kulten an der Digitaliséierung. An déi bleiwen an der Partei, beim Finanzminister Pierre Gramegna. Donieft wär et och eng Léisung fir ee raimleche Problem, béid Ministèrë leien niefteneen, do misst een net ganz weit hin an hier.

Firwat kritt net ee vun de Vizepremieren dës Charge?

Et ass néierens festgeluecht, wien d'Délégation de signature muss iwwerhuelen. Zum Beispill wann de Premier an d'Summervakanz geet, da gëtt hien ëmmer seng Signature of. Et ka jo net zu engem Stëllstand kommen, just well de Premier am Congé ass. An déi Ënnerschrëft bleift automatesch ëmmer an der Partei. Dat wier och eng Saach vu Vertrauen. D'Vizepremieren Dan Kersch a François Bausch sinn och net de facto dofir do, fir eppes ze signéieren, mee zum Beispill fir ee Regierungsrot ze leeden, den Ordre du Jour festzeleeën oder déi lafend Geschäfter ze geréieren.

De Staatsminister wäert awer och net de Regierungsrot en Donneschdeg vum Krankebett aus leeden. Dat gëtt déi Kéier vum Dan Kersch assuréiert. Eventuell kéint den Premier Bettel per Video zougeschalt ginn, ofhängeg vu sengem Zoustand.