
Bis ewell war d’Hëllef un d’Säitenzuele vun de Publikatioune gebonnen, elo soll d’Zuel vu professionelle Journalisten determinant sinn. Och reng Online-Medie sinn elo eligibel, grad wéi Publikatiounen a Sproochen, déi vun op d’mannst 15 Prozent vun der Populatioun geschwat ginn. Doduerch kommen och englesch a portugisesch Publikatiounen a Fro.
Dës Pressehëllef gouf en Donneschdeg de Mëtten an der Chamber mat de Stëmme vun der Majoritéit, der CSV an dem Piraten-Deputéierte Marc Goergen ugeholl.
Wuel war ee sech an der Chamber eens, datt d’Reform eng Verbesserung par Rapport zum alen Text wier, ma se ass net jidderengem wäit genuch gaangen. D’CSV huet sech fir den Text ausgeschwat, mat awer eng Rei Bemolen - de professionelle Journalist hätt misse besser definéiert ginn, sou d’Diane Adehm: “Wann een déi aktuell Definitioun nämlech strikt ausleet, da kommen nëmme Journalisten a Fro, déi selwer Texter redigéieren. Mä wat geschitt da mat de Fotografen an de Leit, déi Videoe maachen?”
Fir déi Lénk huet d’Gesetz mat engem Vertrauensbroch ugefaangen, well d’Hëllefe pro Journalist erofgesat goufen, an d’Print-Medien, grad wéi kleng Editeure ginn an hiren Ae benodeelegt. “D’Acteure vun de Medie waren am Virfeld an d’Diskussiounen agebonnen. Et goung rieds vun engem Montant vu 55.000 Euro pro professionelle Journalist. De Projet de loi, deen dunn deposéiert gouf, huet just nach 30.000 Euro virgesinn. Dat ass mol net de qualifizéierte Mindestloun. De ganze Secteur gouf also virun de Kapp gestouss”, kritiséiert d’Nathalie Oberweis.
Vun der Majoritéit huet et geheescht, de fixe Montant, deen all Editeur zegutt hätt, wier awer considerabel an d’Luucht gesat ginn, ma och de Piratendeputéierte Marc Goergen huet sech awer och un dësem Punkt gestéiert: “Hei riskéiere mir d’Editeuren z’encouragéieren, eeler Employéen, déi méi héich Salairen hunn, lues a lues lass ze ginn, fir se da kënne mat méi gënschtegen, neien Aarbechtskräften z’ersetzen.”
Den 2. Piratendeputéierte Sven Clement huet wéinst engem Interessekonflikt net un der Debatt an um Vott deelgeholl.
Eng méi eenzegaarteg Positioun dann huet d’adr ageholl, déi der Meenung ass, datt d’Press guer net soll vum Staat subventionéiert ginn. Den Deputéierte Roy Reding: “Mir sinn der Meenung, datt et de Bierger ass, dee soll decidéieren, duerch säin Akafsverhalen, wéi vill Sue wéi ee Presseorgan kritt.”
D’Chamber huet iwwerdeems en Donneschdeg den Owend decidéiert, datt d’Reform no 2 Joer evaluéiert soll ginn.
Fir d’Pressehëllef ze kréien, mussen op d’mannst 5 professionell Journaliste Vollzäit bei enger Publikatioun schaffen. D’Definitioun vun der “Press” gëtt am neie Gesetz erweidert, sou datt och Medien, déi just online publizéieren, dozou gezielt ginn. D’Dageszeitunge mussen op d’mannst 4 Deeg an der Woch wärend op d’mannst 50 Wochen am Joer publizéieren, beim Online mussen et am Schnëtt 2 Artikelen den Dag 6 Deeg an der Woch sinn.
Bei den Hëllefe gëtt et ee fixen an een adaptéierte Montant, deen d’Publikatiounen all Joer ze gutt hunn. Deemno kritt all Editeur e Montant vun 200.000 Euro d’Joer fix an e Montant vun 30.000 Euro pro vollzäit professionellem Journalist.
Nei ass och, datt Mensuellen, Gratiszeitungen a sougenannten “Biergermedien” vun der Pressehëllef profitéiere kënnen, grad wéi Start-ups aus dem Secteur. Bei Start-ups mussen nëmmen 2 professionell Journaliste fest schaffen, si kréien eng Hëllef vun 100.000 Euro am Joer wärend maximum 3 Joer. Och d’Biergermedien hunn eng Hëllef vun 100.000 Euro d’Joer ze gutt.
Fir ze decidéieren, wien Hëllefe kritt, gëtt eng extra Kommissioun geschaaft. D’Membere vun där Kommissioun gi vum zoustännege Minister genannt, et mussen 2 Representante vum Medien- a Kommunikatiounsservice, ee Representant vum Finanzministère, 1 vum SIP, de Kommissär vun den Auteursrechter, 2 Editeuren an 2 Journalisten, déi vum Presserot proposéiert ginn, an een Akademiker, dee sech an de Medien auskennt.
De Presserot wënscht sech a sengem Avis notamment eng méi kloer Definitioun vum professionelle Journalist, vue datt e groussen Deel vun den Hëllefen elo dovunner ofhänkt, grad wéi méi kloer Krittären, fir d’Pressekaart ze kréien. Och der Journalistenassociatioun ALJP ass de professionelle Journalist net kloer genuch definéiert, wéi de Generalsekretär Roger Infalt am Juni hei op der Antenn erkläert huet:
“Wann déi nei Pressehëllef elo op de Kapp vum Journalist berechent gëtt, wéi vill Journalisten an enger Redaktioun schaffen, doropshi gëtt et jo da berechent, dann hu mer elo gesinn, datt ganz vill Medienhaiser, an och berechtegterweis och, well déi Grozon dann do ass, sou Hybrid-Posten umellen als Journalist. Dat heescht, do ass een eng gewëssen Zäit am Dag Journalist an eng aner Zäit am Dag mécht een eppes ganz aneschters.”
Gefaart gëtt och, datt d’Kaartekommissioun vum Presserot mat Demanden iwwerlaf gëtt, respektiv och mat Recourse vu Leit, déi d’Kaart net kruten. Iwwerdeems stéiert d’ALJP sech dorun, datt de Montant pro Journalist, deen ugangs op 55.000 Euro am Joer ugesat war, elo op 30.000 Euro erofgesat gouf. D’Associatioun fäert Kënnegungen am grousse Stil.
“Do ginn, wéi d’Beispiller et elo gewisen hunn, Leit, déi eng gewëssen Erfarung hunn, Journalisten, déi och e gewësse Salaire natierlech hunn, well se scho sou vill Joer do sinn, déi gi virun d’Dier gesat, an elo gesi mer och an deem Haus, wou dat en Masse geschitt ass, dass elo Annoncë geschalt ginn, fir nees Leit anzestellen.”
Souwuel de Presserot, wéi och d’ALJP bedaueren iwwerdeems, datt den Informatiounszougang fir d’Journaliste mam neie Gesetz net verbessert gëtt. D’ALJP hat gefrot, fir hir Propositiounen an der Chambermediekommissioun ze presentéieren, dat ass awer net geschitt... Wann een eppes konkret hätt wëllen änneren, hätt ee misse vu vir ufänken, sot am Juni hei op der Antenn de President vun der Mediekommissioun Guy Arendt.
“Dat heescht, mir mussen da rëm mat Amendementer virun de Conseil d’Etat goen, de Projet ass jo och zu Bréissel deposéiert ginn, fir den Avis, ob et eng Aide étatique ass oder net, da musse mer Bréissel nees saiséieren. Jo, da si mer awer wäit fort an dat ass net onbedéngt am Interêt vun der Press, vun de Journalisten.”
Leschte Freideg nach hat d’CSV an der Chambermediekommissioun 2 Ännerungsvirschléi gemaach, ënnert anerem fir d’Hëllef pro Journalist ze héijen - béid goufe vun der Majoritéit verworf, och d’ADR war dogéint. Dem Medieministère no géing eng Hausse vun de Montanten de Finanzéierungsmodell vum Projet op d’Kopp geheien.
De Vott vun der neier Pressehëllef war en Donneschdeg de Mëtten an der Chamber, Rapporter war den DP-Deputéierte Guy Arendt, well de Medieminister Xavier Bettel den Ament nach krank ass, huet d’Corinne Cahen fir d’Regierung geschwat.
Vote du projet de loi relatif à un régime d’aides en faveur du journalisme professionnel
Communiqué par: Service des médias et des communications (SMC)
En date du 8 juillet 2021, la Chambre des députés a procédé au vote du projet de loi 7631 relatif à un régime d’aides en faveur du journalisme professionnel, qui avait été approuvé par le Conseil de gouvernement le 8 juillet 2020.
Le nouveau régime réforme le régime actuel de l’aide à la presse écrite et l’adapte à l’ère contemporaine en mettant en place un cadre unique, égalitaire et technologiquement neutre pour les médias en ligne et hors ligne.
Il remplace ainsi, dans le calcul du montant revenant à chaque média, la quantité du papier imprimé par le nombre de journalistes professionnels et valorise donc le travail journalistique, inclut les mensuels et gratuits ainsi que les publications en langues portugaise et anglaise dans son champ d’application.
Le texte approuvé comprend trois régimes différents, présentés par la ministre Corinne Cahen, en remplacement du ministre des Communications et des Médias Xavier Bettel :
· le maintien du pluralisme, régime s’adressant notamment aux bénéficiaires actuels disposant d’une équipe rédactionnelle composée au moins de cinq journalistes professionnels ;
· la promotion du pluralisme, régime s’adressant aux éditeurs émergents disposant d’une équipe rédactionnelle composée au moins de deux journalistes professionnels ;
· l’éducation aux médias et à la citoyenneté, régime s’adressant aux éditeurs citoyens.
Le régime d’aides encourage également la transparence par l’obligation de publier la ligne éditoriale, il encourage la mise en place de mesures pour assurer l’accessibilité des personnes en situation de handicap aux contenus, et incite à la formation continue dans le domaine du journalisme et aux actions menées en faveur de l’éducation aux médias.
Un régime transitoire de cinq ans vise à permettre l’adaptation au nouveau cadre légal à chaque éditeur.
Corinne Cahen a conclu que le nouveau régime représentera une augmentation substantielle des montants alloués aux publications de presse, qu’il répond à l’évolution sociétale, technologique et économique du paysage des médias, et garantit un soutien juste et égal des éditeurs.
Les formulaires de demande sont disponibles sur le site https://guichet.public.lu/fr/entreprises/sectoriel/medias/subside-presse-en-ligne.html
RTL-News: Dossier Pressehëllef bleift zou: ALJP gëtt net an der Mediekommissioun gehéiert