Ënner anerem soll et eng Harmonisatioun vum privaten an ëffentleche Beräich ginn. Och doheem kënne méi wéi 10 Leit sech gesinn, wann d’CovidCheck-Reegelen agehale ginn. No Hallefnuecht gëllen allerdéngs keng Auto-Tester méibei CovidCheck-Evenementer, mä just nach zertifiéiert Schnelltester. An deem Kader ginn dann och d’Strofen am Horeca-Beräich eropgesat vu 4.000 op 6.000 Euro, bei Recidive 12.000 Euro, wa sech net un d’Coronamesurë gehale gëtt.
Dowéinst gëtt et dann och eng Ausweidung vu Persounen, déi zertifiéiert Schnelltester maachen dierfen. Vun elo un dierf och en Assistant technique médical an en Infirmier gradué e Schnelltest maachen an deen zertifiéieren.
Mat Bléck op d’Vaccine ginn d’Kräizimpfungen zu Lëtzebuerg méiglech. Vun e Freideg u kënne Leit ënner 55 Joer, déi eng éischt Dosis vum Impfstoff vun AstraZeneca kruten, sech eng zweete Kéier mam Impfstoff vu Biontech oder Moderna vaccinéiere loossen. Bis ewell hat d’Dräierkoalitioun nach op d’Europäesch Medikamentenagence Ema verwisen, un déi ee sech hale wéilt, ier een hei am Land Kräizimpfungen, also Impfunge mat zwee verschiddene Vaccinen, géif zouloossen. D’lescht Woch hat d’Ema nach keng ofschléissend Decisioun geholl, och wa verschidden Etüden zu villverspriechende Resultater beim Impfschutz komm waren. De Conseil Supérieur des maladies infectieuses hei am Land hat sech schonn uganks dës Mounts fir Kräizimpfungen ausgeschwat.
Vun alle Persounen iwwer 18 Joer, déi eng Invitatioun kruten, si 70% op d’mannst 1 Mol geimpft. Och Frontalieren oder Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, kënne sech op eng Waardelëscht androe loossen, fir hir Piqûre ze kréien. Eleng dës Woch hu sech 4.295 Leit op deenen 3 neie Waardelëschten ageschriwwen. 36% vun hinne wunnen net hei am Land.
Eng generell drëtt Impfung steet den Ament net zur Debatt, verschidde vulnerabel Kategorië vu Leit sollen awer eng drëtt Dosis kréien. D’Doktere gi kuerzfristeg ugeschriwwen, fir der Santé déi Persounen ze mellen, déi eng drëtt Impfdosis géint de Coronavirus kréie sollen. Besonnesch Leit, déi sougenannt immunsuppressiv Medikamenter huelen, forméiere manner gutt Antikierper no enger Impfung a kënnen domadder kee sou e gudden Immunschutz opbauen. Et geet hei zum Beispill ëm Leit, déi eng Organspend kruten oder chronesch Autoimmunkrankheeten hunn. Dat geet aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt ervir.
Eng weider gutt Nouvelle ass, dass de Congé pour raisons familiales bis de 14. September verlängert gëtt.
Zu der aktueller Hausse seet d’Paulette Lenert, datt ee sech dem Risk bewosst war. Et wier wichteg, vollstänneg geimpft ze sinn an d’sanitär Mesurë weider ze respektéieren. De CovidCheck-System géing funktionéieren, natierlech hätt ee keng honnertprozenteg Garantie. En Donneschdeg goufen am Grand-Duché 131 Neiinfektioune registréiert. 4 Corona-Patiente sinn hospitaliséiert, 1 Persoun läit op der Intensivstatioun.
D’Ministesch huet iwwerdeems nach preziséiert, dass 1.915 Persoune positiv getest goufen, nodeems se 1 Mol geimpft waren. 433 Leit hu sech no der 2. Impfung mam Coronavirus infizéiert. 298 Persoune goufe 14 Deeg no der 2. Piqûre positiv getest.
De Premier Xavier Bettel gouf um Pressebriefing vum Vizepremier Dan Kersch ersat. De Staatsminister wier um Wee vun der Besserung, sou den LSAP-Minister. Hie gouf jo Enn Juni positiv op de Coronavirus getest a konnt en Donneschdeg de Moien d’Spidol verloossen.
E Méindeg de Moie wäert de Waringo-Rapport iwwert d’Covid-Clusteren an den Alters- a Fleegeheemer virgestallt ginn. D’Chamber huet an hirem Ordre du jour stoen, dass all d’Deputéiert dësen um 8 Auer virgestallt kréien, an dat Ganzt och op Chamber-TV iwwerdroe gëtt. D’Regierung soll de Rapport zum selwechten Ament kréien. Déi extern an onofhängeg Etüd vum Jeannot Waringo war jo d’Resultat vu politeschem Gestreits, dorënner wéi d’Covid-Kris an den Alters- a Fleegestrukturen am Land gehandelt gouf. Virun allem d’CSV hat der Familljeministesch virgehäit, net genuch ënnerholl ze hunn, wat zu villen Infektiounen an Doudesfäll duerch Covid an deenen Heemer gefouert hätt.
