
Zu Iechternach kruten e puer Honnert Leit d’Méiglechkeet, aus hiren Haiser evakuéiert ze ginn, well si selwer net méi rauskoumen.
Am Trifolion zu Iechternach ginn zanter en Donneschdeg de Mëtteg 15.30 Auer d’Leit hibruecht, déi evakuéiert goufen. Si kréien hei eppes z’iessen an ze drénken a wa se keng Méiglechkeet hunn, fir bei Famill ënnerzekommen, gëtt en Hotelszëmmer fir si gesicht. Wann ee mat de Leit hei schwätzt, si sinn am Fong iwwerrascht wéi séier d’Waasser koum, a si sinn och zum Deel richteg mat den Nerven um Ënn.
Eng 200-300 Leit sinn hei zu Iechternach evakuéiert ginn, natierlech just, wa se dat wollten, wéi de Buergermeeschter Yves Wengler en Donneschdeg de Mëtteg erkläert huet.
Et soll och elo nach 2 Deeg daueren, bis d’Waasser aus Iechternach eraus ass. Eng Rei Leit wäerten dann awer och nach net kënnen heem goen, wann een héiert, wéi ee Schued hei entstanen ass.
Och de Premier Xavier Bettel war op der Plaz an huet sech zu Iechternach e Bild gemaach an och mat de Leit geschwat.
Zu Rouspert stoungen de Camping an de Futtballterrain komplett ënnert Waasser an eng rei Stroossen hunn misste gespaart ginn. D’Onwieder huet ville Leit ze schafe gemaach.
D’Biller vum Héichwaasser zu Rouspert sinn dramatesch. Duerch d’Onwieder ass d’Sauer aus hirem Bett geklommen an huet de Camping an de Futtballterrain komplett iwwerschwemmt. Den Antoine Domilde aus der Belsch kennt zënter 6 Joer hei op de Camping, ma duerch d’Héichwaasser huet hien alles verluer.
Esou eng Katastroph huet den Antoine Domilde nach ni erlieft an hie wëll och nees esou séier et geet zréck an d’Belsch fueren. Inondations.lu huet am spéiden Donneschdegmoien zu Rouspert ee Waasserstand vun 9,66 Meter gemellt. Normal ass do 1 Meter. Stonnelaang war de CGDIS am Duerf am Asaz, fir Sandsäck ze fëllen a Waasser ofzepompelen. Zu Rouspert huet een nach ni esou een Héichwaasser erlieft, huet de Buergermeeschter erkläert.
Bis ewell gouf keng Persoun blesséiert. D’Gemeng wëll dann och de Betraffene vu Schied séier hëllefen. Allerdéngs fäert een ëm d’Tourismus-Saison.
Donieft goufen eng rei Stroosse ronderëm Rouspert, grad ewéi d’Bréck tëscht Rouspert an Rooljen wéinst dem Héichwaasser gespaart. Déi staark Héichwaasser-Stréimung vun der Sauer hat och op der Héicht vu Laser ënnert anerem Botte matgerappt.
Ëmmer nees huet een zu Veianen dëse Saz héieren: “Dat hat ech a mengem Liewen nach net, dat do.”
Déi 86 Joer al Madamme Winandy-Schumacher ass eng vun den 80 bis 100 Awunner aus Veianen, déi en Donneschdeg de Mëtteg hiert Haus huet misse verloossen, alles Leit, déi am Centre Culturel Larei ënnerkoumen. Hei gouf et e Maufel z’iessen an eppes ze drénken, ma och vill laangt Waarden.
“Wat ech immens flott fannen, ass eng grouss Ënnerstëtzung vun anere Gemengen. Sief et Gemengen aus dem Süden, sief et awer och hei, Nopeschgemengen. Housen huet ons ugebueden, Zëmmere fir all d’Leit unzebidden, fir hënt do ze schlofen, do ze iessen. Fir net mussen hei an hiren naassen, kalen Haiser ze wunnen. Well mir hu kee Stroum, an dat nach fir eng Zäitchen”, sou de Claude Tonino, Buergermeeschter vu Veianen.
D’Emotioun ass an der Stëmm ze spieren. Vill ze schlofen, kruten déi Responsabel hei déi lescht 24 Stonnen net. Dobäi kënnt, datt et an enger Rei Stroosse keen Elektresch méi gëtt, Keller si voll gelaf an Autoe goufe wéi Fixfeieschkëschten vun der Flut ewechgedriwwen.
Suergen huet awer virop d’Stëtzmauer um “Aale Moart” Direktioun Stolzebuerg gemaach.
“Hënt war ech hei bis hallwer 5. Do war et esou, wéi elo. Um 9 de Moien, wéi ech erëmkomm sinn, do huet ee gemengt, et kéint een ufänken, mat botzen. Eng hallef Stonn drop war et nees esou wéi elo”, sot de Max Kraus aus dem Hotel Victor Hugo.
An dann ass do de Barrage vun der SEO. Ëmmer nees gouf op de Smartphone gekuckt. Muss d’Klapp opgemaach ginn?
“D’SEO huet alles dru gesat, datt dat net muss gemaach ginn. Well dat huet ganz vill aner Konsequenzen. Déi Staumauer ass och esou entworf ginn, datt se sou Cruen ka Stand halen. Awer et ass Limitt gewiescht. Dat muss ee scho soen”, erkläert de Buergermeeschter vu Veianen.
Dës Kéier ass Gedold gefrot, bis d’Touriste-Stiedchen nees säi gewinnt Gesiicht erëmfënnt. E geneeë Bléck op d’Schied ass eréischt méiglech, wann d’Our sech zeréckzitt. An dat schéngt nach ze daueren.