Naturkatastrophen heefe sech. Ob dat elo Bëschbränn, kuerzzäiteg Iwwerschwemmungen duerch staarke Reen oder laangfristeg Problemer duerch en erhéichte Mieresspigel sinn. Problemer si virprogramméiert. An esou Fäll soll awer mat Zäit gewarnt ginn. Eng weltwäit Solutioun kéint do aus Lëtzebuerg kommen. Um Kierchbierg fuerscht d’Uni Lëtzebuerg un enger globaler Iwwerwaachungsmesure fir Iwwerschwemmungen. An dat a ganz kompakter Form vu klenge Satellitten, déi weltwäit en Aen op Iwwerschwemmungen halen.
Den Dietmar Backes, Geospatial Ingenieur op der Uni Lëtzebuerg:
„Dës Optioun ass ganz anescht ewéi et aktuell gemaach gëtt, wou ee grouss Satellitten huet, bei deenen et laang dauert, fir Daten opzehuelen an déi op de Buedem ze kréie bei d’Leit, déi se brauchen. Mir huelen Daten am Satellit op, traitéieren se direkt do a schécken se deenen, déi hëllefen direkt op de Buedem.”
Konkret heescht dat, datt méi koordinéiert Hëllefsmesüre méiglech sinn.
„Zum Beispill, wou si Weeër, déi nach fräi sinn an déi ee benotze kann, fir Leit ze evakuéieren. Et kann ee kalkuléieren, wou méiglecherweis eng Flut dréit. A virun allem, kann een d’Hëllefsdéngschter koordinéiert asetzen an net, wéi et viru puer Wochen de Fall war, Leit ronderëm schécken, ouns richteg ze wëssen, wou déi meescht Hëllef gebrauch gëtt an d’Leit sech op enger Plaz versammelen.”
Soubal d’Hardware do ass, kéint d’Technologie och schonn d’nächst Joer an den Asaz kommen. Hei schafft een den Ament mat CubeSat an hire Nano-Satellitten.
De Jan Thömel, Chef CubeSat Laboratoire:
„Den Numm erkläert et am Fong schonn: Nano-Satellitte si vill méi kleng. Mee doduerch si se vill méi Käschten-effizient. Mir kënnen also mat engem méi klenge Budget vill méi erreechen. Heesch,t mir kënne méi Satellitte starten an esou de Planéit vill méi reegelméisseg observéieren a besser verstoen.”
Am Beräich vun der Hydrologie gëtt ëmmer méi gefuerscht. Virun 20 Joer waren et e puer Dosen unerkannte Chercheuren – haut sinn et e puer honnert - mat och gudde Resultater aus dem Grand-Duché.