Et misst een esou eng Steier nach definéieren, mä viséiert wieren déi Betriber, déi trotz oder grad wéinst der Kris gewonnen hunn.

Esou Beispiller géifen et nämlech eng Jett ginn, seet de Vizepremier am Méindes-Interview am Quotidien.

Dofir zitéiert hien och eng einfach Propositioun, nämlech, dass een d’Beneficer aus de Joren 2015 bis 19 kuckt, a se vergläicht mam Ëmsaz vun 2020 an 21, a wann déi Marge bei méi wéi +10% léich, kéint een e gewëssenen Taux u Steieren applizéieren.

Den Dan Kersch seet awer, dass eng Corona-Steier net déi eenzeg Léisung wier, mä eng generell Steier-Hausse refuséiert hien awer, grad wéi och weider Emprunten.

Hie wier gespaant op Léisungspropositioune vun den anere Parteien. Wa seng Iddi net gutt wier, wier hie mol gespaant, wat d’Alternative sinn, fir d’Lach an de Staatsfinanzen ze fëllen.