IechternachÉierebuergermeeschter Mady Schaffner ass gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Am Alter vu 86 Joer ass déi fréierer Gemengemamm vun der Abteistad en Dënschdeg gestuerwen. Dat huet d'DP per Communiqué matgedeelt.
E Bild vun der Mady Schaffner aus dem Broschür vun der DP-Iechternach fir d'Gemengewalen 1993.
E Bild vun der Mady Schaffner aus dem Broschür vun der DP-Iechternach fir d’Gemengewalen 1993.

Si war vun 1988 bis 1998 am Iechternacher Gemengerot, an déi éischt Fra, déi jee dodran souz. Vu 1994 bis Februar 1998 war Si Buergermeeschtesch, genee wéi och schonn hire Papp, de Robert Schaffner virun hir, an och hire Grousspapp de Mathias Schaffner.

Si war hiert ganz Liewe och bei de Scouten aktiv, ufanks bei der AGGL, dono bei der FNEL.

PDF: De Communiqué vun der DP

Back to Top
CIM LOGO