SEW an SNESyndikater fuerderen eng laangfristeg Covid-Strategie fir d'Grondschoul

RTL Lëtzebuerg
An iwwer 2 Woche geet d'Schoul nees un an nach ëmmer ass net genee gewosst, wéi eng Covid-Reegele fir d'Rentrée gëllen.
Laangfristeg Covid-Strategie fir d'Grondschoul
An iwwer 2 Woche geet d’Schoul nees un an nach ëmmer ass net genee gewosst, wéi eng Covid-Reegele fir d’Rentrée gëllen.

D’Schoulgewerkschaften SEW an SNE kritiséieren, datt den Dialog tëscht hinnen an dem Educatiounsministère quasi inexistent wier a fuerderen eng laangfristeg Covid-Strategie fir d’Grondschoul.

SEW an SNE fuerder laanfristeg Covid-Strategie

De 15. September geet et an der Grondschoul nees lass. Op dës Rentrée wier een nach iwwerhaapt net preparéiert, kritiséieren d’Gewerkschaften SEW an SNE. Si sinn enttäuscht, dass net vill Dialog mam Ministère do ass, fir Iddien a Proposen auszetauschen.

De Patrick Remakel, President SNE, erkläert, dass een nach ëmmer net wéisst, ewéi d’Rentrée am September ausgesäit. Réischt e Méindeg hätt een eng Entrevue mam Minister Meisch. Do wäert een dann och just rëm informéiert ginn. Et hätt ee gehofft, kënnen am Ufank vun der Summervakanz zesummen no enger Léisung ze sichen, sou de Patrick Remakel.
D’Gewerkschafte fäerten, dass een an 2 Woche just mat deene Mesurë weiderfiert, déi bis ewell en place waren. Virun allem dat villt Lëften am Wanter ass ëmstridden. Et bedauert een, dass déi proposéiert Alternativen, ewéi Entlüftungsanlagen, net ëmgesat ginn.

D’SEW géing scho laang fir Entlüftungsanlage plädéieren. Dat wier guer net sou opwänneg an deier, wéi een dat kéint unhuelen. Dat permanent Lëften am Wanter wier definitiv net gesond fir d’Kanner, sou d’Nora Watgen.

Am Fondamental gëtt bis ewell nach net geimpft, well d’Kanner jo nach ënner 12 Joer al sinn. Hei setzt een also nach op déi al Teststrategie, ee Schnelltest doheem an een an der Schoul. Dat soll awer elo no 6 Wochen agestallt ginn.

Donieft misst een och ënnersichen, wat d’Maskeflicht an d’Distanzreegele fir psychologesch Auswierkungen op d’Kanner hunn.

D’Nora Watgen vum SEW erkläert, dass d’Maskeflicht an Distanz sech negativ op d’Kanner auswierken. Keng Gruppenarbechte méi an de feelenden Dialog mat den Enseignanteë schränkt hir Educatioun an.

Konkret Detailer vun der Rentrée erhofft ee sech den 3. September op enger Pressekonferenz vum Educatiounsminister.

PDF: Schreiwes SEW/OGBL

Back to Top
CIM LOGO