FedusePrinzip vum CovidCheck soll och an de Lycéeë gëllen

RTL Lëtzebuerg
Nieft de gängege Mesuren, wéi reegelméissegt Lëften an d’Hänn wäschen, freet d’Feduse och, dass endlech mobil Loftfilter-Anlagen an d'Klassesall kommen.

De Prinzip vum CovidCheck soll och an de Lycéeë gëllen, an zwar fir alleguerten d’Membere vun der Schoul-Communautéit. Déi Fuerderung kënnt, en vue vun der Rentrée an eppes méi wéi zwou Wochen, vun der Feduse.

D’Federatioun vun den Universitaire beim Staat fir de Volet Enseignement schreift an engem Communiqué vun e Sonndeg den Owend, dass wann et méiglech wier, am Restaurant, op engem Concert oder an der Disco ouni Mask an ouni Ofstand zesummen ze sinn, da misst dat och fir de Klassesall gëllen.

All Persoun déi eng vun den 3 Konditiounen aus dem CovidCheck erfëllt, also geimpft, geheelt oder getest ass, sollt sech op d’mannst am Klassesall dann ouni Mask kënne beweegen.

Dat géif eng grouss Erliichterung fir d’Schüler an d’Enseignanten duerstellen.

Een deen net geimpft ass oder nach ni mam Coronavirus infizéiert war, soll all 48 Stonnen, also am Prinzip 3 Mol d’Woch ënner Opsiicht e Schnelltest an der Schoul maachen, respektiv en zertifiéierten Test vun ausserhalb matbréngen.

Nieft de gängege Mesuren, wéi reegelméissegt Lëften an d’Hänn wäschen, freet d’Feduse och, dass endlech mobil Loftfilter-Anlagen am Klassesall an den Asaz kommen.

An et wéilt een, dass den Impfbus an d’Lycéeë kéim, fir dass d‘Schüler sech do, an Ofsprooch mat den Elteren, kéinten impfe loossen.

E Mëttwoch ass de Regierungsrot nees beieneen, wou e konkret Corona-Konzept fir d’Schoulen dierft aviséiert ginn, dat dann dono op enger Pressekonferenz soll virgestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO