Fall vu Vullegripp an engem Betrib zu Ouljen festgestallt

© AFP Archivbild
Wéi de Ministère matdeelt, wier de Virus an enger Amateur-Ziichterei entdeckt ginn, nodeems Déiere vun engem Maart aus der Belsch importéiert gi waren.
De Ministère mécht an deem Kader nach emol de Rappell, dass den Transport vu liewegem Gefligel verbueden ass, ausser et huet een eng Autorisatioun vun der ASV. Dat selwecht gëllt fir Ausstellungen. All nei ugeschaaften Déiere solle fir d'éischt dobannen ënner Quarantän gesat ginn.
De Ministère réit och, fir am Moment seng Hénger, Inten an anert Gefligel dobannen ze halen a si och just dobannen ze fidderen. All suspekten Doudesfall muss engem Veterinär gemellt ginn.
Et sief drun erënnert, datt de Virus net geféierlech fir de Mënsch ass. Dat gëllt och fir d'Consomméiere vun Eeër a Fleesch.
Schreiwes
L’Administration des services vétérinaires appelle les détenteurs de volaille à la précaution suite à la détection d’un cas de grippe aviaire (06.09.2021) | |
| |
L’Administration des Services Vétérinaires (ASV) informe qu’aujourd’hui, le 6 septembre 2021, un cas de grippe aviaire de type H5N8 a été confirmé dans un élevage amateur à Olingen, suite à une importation de volaille d’un marché en Belgique. Afin de limiter l’extension du virus à d’autres élevages, l’ASV émet les mesures de précaution de biosécurité suivantes à tout détenteur de volaille et d’oiseaux :
Tout au long de l’année, le Laboratoire de Médecine Vétérinaire de l’État conduit des analyses pour surveiller la situation de la grippe aviaire. Enfin, l’Administration des services vétérinaires tient à rappeler que la consommation de viande et d’œufs est sans risque pour la santé publique. |