VeterinärsinspektiounD'Suitte vum éischte Fall vun der Vullegripp zu Lëtzebuerg

Claudia Kollwelter
Wéi ass de Fall iwwerhaapt detektéiert ginn, wat ass mat den Déiere geschitt a wourop gëllt et elo opzepassen?
© AFP

E Méindeg huet de Ministère matgedeelt, datt de Virus an enger Amateur-Ziichtung entdeckt gouf, nodeems d’Déiere vun engem Maart aus der Belsch importéiert gi waren.

Wéi ass de Fall iwwerhaapt detektéiert ginn, wat ass mat den Déiere geschitt a wourop gëllt et elo opzepassen?

Leschte Freideg war en Hong an de Laboe vun der Veterinärsmedezin ofgeliwwert ginn. De Veterinär vum Betrib vun Ouljen hat déi Demande gemaach, nodeems eng hallef Dosen Hénger an den Deeg virdru gestuerwe waren. Et wier eng Autopsie gemaach ginn an Echantillone geholl gi fir d’Analysen, déi du positiv op d’Vullegripp waren. E Méindeg koum dunn och d’Resultat aus dem Referenz-Labo vu Bréissel, datt et den H5N8 Virus wier. “En plus krute mer gesot, datt et “souche hautement pathogène” ass. Dat heescht, datt déi sech relativ séier vun engem Déier op dat anert iwwerdréit”, esou de Felix Wildschutz.

All d’Déieren, déi ufälleg waren, hätten der Reglementatioun no missten dout gemaach ginn, erkläert den Direkter vun der Veterinärsinspektioun, “vu 60 Déiere waren eng 45 iwwreg, déi euthanaséiert goufen a fachgerecht entsuergt gi sinn, fir eng Verschleppung vum Virus ze verhënneren.”

Fir ze verhënneren, datt de Virus sech vun engem Betrib op anerer iwwerdréit, wieren eng Partie Mesuren en Place gesat ginn. Am Moment soll ee seng Hénger, Inten an anert Gefligel zum Beispill dobannen halen an och just do fidderen. “Et ass och sou, datt mer versicht hunn, de ganzen Transport vu liewegem Gefligel bëssen ze ënnerbannen, fir de Virus net op deem Wee virun ze schleefen”, esou den Direkter weider.

An do ass et och nach emol d’Warnung vum Felix Wildschutz wat de Kaf vun Déieren op Mäert betrëfft, “all liewegt Déier wat iwwert d’Grenz transportéiert gëtt, brauch e Certificat sanitaire, dee vun de jeeweilegen Autoritéiten ausgestallt ginn ass.”

Am konkreete Fall vun der Amateur-Ziichtung gouf et kee sou ee Certificat, dofir goufe se och net entschiedegt fir d’Déieren, déi hu missten dout gemaach ginn. Den Direkter vun der Veterinärsinspektioun huet nach betount, datt d’Mesuren elo mol ee Mount gëllen an opgehuewe kënne ginn, wa bis dohi keen neie Fall optrëtt. De Felix Wildschutz huet och nach emol ënnerstrach, datt ee weider Eeër oder Fleesch konsuméiere kann, well de Virus net op déi Manéier op de Mënsch kann iwwerdroe ginn.

Back to Top
CIM LOGO