Jiddereen huet d'Recht op Aarbecht. Esou steet et am Artikel 23 vun der Mënscherechtserklärung.

Ma fir een Deel vun der Bevëlkerung bleift den Accès op den Aarbechtsmarché komplizéiert. Mënsche mat Handicap sinn nämlech an der Reegel méi laang op der Sich no enger Aarbechtsplaz wéi aner Leit. An esou individuell wéi déi eenzel Behënnerunge sinn, esou individuell sinn och d'Geschichte vun de Betraffenen. Mir hu mat zwee Concernéierten iwwert hir Erfarungen, Suergen a Wënsch geschwat.

Geschicht vum Sarah Schiltz

D'Sarah Schiltz huet 32 Joer, ass Mamm vun engem klenge Jong a schafft 20 Stonnen d'Woch. Wat esou normal a selbstverständlech kléngt, ass et awer net. D'Sarah hat nämlech virun 3 Joer, wéi si schwanger war, eng schwéier Gehierbluddung. 4 Wochen am Koma, 4 Méint an der Klinik a 6 Operatiounen huet si matgemaach.

“Ech konnt näischt méi”, erënnert déi jonk Fra sech, déi och haut nach heiansdo no de Wierder sicht. Goen a schwätzen huet si nämlech an der Reha rëm misse léieren – annerhalleft Joer laang. Zanterhier ass hir riets Kierpersäit spastesch.

“Et ass u sech wéi wann ech keen Aarm hätt”, erkläert d’Sarah. Beim Goen hëlleft hir eng Maschinn, déi Impulser un de Fouss schéckt. Trotz all deem, ass hire Fils gesond op d'Welt komm a spillt haut wéi all anert Kand mat senger Mamm. “Hie kennt et jo net anescht”, seet d’Sarah. Hire Beruff als Educatrice an enger Crèche huet si awer missen opginn. Sech eleng ëm 8 Kanner këmmeren, géing net méi goen. Ma zanter bal engem Joer schafft si lo an den Archiven vun der Ville de Luxembourg, wou si Dokumenter scannt an digitaliséiert. Vue dass d’Sarah an enger Crèche vun der Gemeng geschafft huet, schwätzt een an dësem Fall vun engem interne Reklassement. Eng Mesure, déi sech u Salariéen riicht, déi aus gesondheetleche Grënn net méi op hirem Poste schaffe kënnen. Dat heescht bannent dem Betrib gëtt no enger neier Plaz fir de Concernéierte gesicht, souwuel am private Secteur wéi och beim Staat.

Sarah Schiltz: “Ech sinn einfach frou! Wann ech elo privat an der Crèche [geschafft hätt], jo ok, ‘wat maache mer mat him?’. Näischt. Da gees de net méi schaffen.”

Op hirer neier Aarbechtsplaz huet d'Sarah sech séier agelieft. Hire Büro huet och just minimal un hir Besoine missen ugepasst ginn. Ob si iergendwann rëm zréck an d'Crèche goe kann oder an den Archive bleift, wäert sech an zwee Joer erausstellen, wa si vum Aarbechtsdokter reevaluéiert gëtt. Fir si wier souwisou dat Wichtegst iwwerhaapt enger Aarbecht kënnen nozegoen, esou “wéi normal Leit”, seet déi jonk Fra.

Inclusioun duerch méi streng Quoten?

Zanter 2003 ass et gesetzlech virgesinn, Leit mat Behënnerung anzestellen. Souwuel den ëffentlechen Déngscht, wéi och privat Entreprise musse sech un eng gewësse Quot halen. Ma déi bréngt net vill, fënnt den Andrea Di Ronco vun Info Handicap. An der Theorie ass déi Quot zwar obligatoresch, ma an der Praxis géing näischt geschéie wann ee se net erfëllt. An d’Mesuren, déi d’Employeuren incitéiere sollen, Persoune mat Handicap anzestellen – wéi zum Beispill d'Bedeelegung vum Staat um Salaire an um Amenagement vum Büro – gräifen net, esou den Andrea Di Ronco. An dat weist sech och an engem rezente Rapport. Deemno géing d'Majoritéit vun de Lëtzebuerger Entreprise sech net un d'Quot halen. Bei de grousse Betriber schwätze mer souguer vun 98 Prozent, déi net genuch handicapéiert Mataarbechter beschäftegen.

Andrea Di Ronco: “Et ass kloer, dass Leit déi an enger Situatioun si mat engem Handicap, ëmmer mussen Upassunge gemaach kréien. Also ass et kloer par Rapport zu enger Persoun, déi keen Handicap huet, si se ëmmer am Nodeel.”

Léisst een den Employeuren also quasi de Choix, wier et logesch, dass se deen einfache Wee géinge wielen. Dofir fuerdert den Andrea Di Ronco, dass d'Quot zwéngend gëtt - genee sou wéi de Reklassement et och schonn ass.

3.200 Leit mat Handicap sichen no enger Aarbecht

Vu ronn 20.000 handicapéierten oder reklasséierte Leit, déi bei der Adem ageschriwwe sinn, sichen ongeféier 3.200 Leit nach ëmmer no engem Job. Fir hinnen dobäi ze hëllefen, huet d'Adem iwwer d'Joren eng ganz Rei Outilen entwéckelt. Sou ginn zum Beispill d'Kompetenze vun de Betraffenen ermëttelt, si kréien d'Méiglechkeet potenziell Patrone kennen ze léieren a kënne Stagë maachen. De Succès géing awer dacks och vum Profil vun de Leit ofhänken. “Do kann een einfach net soen duerch den Handicap ass de Problem méi schwéier”, esou d'Gaby Wagner, Directrice adjointe bei der Adem. Doriwwer eraus wier et komplizéiert genee Statistiken ze erhiewen, vue dass Betraffener net dozou obligéiert sinn, dem Employeur ze soen, dass se en Handicap hunn. Dat ass ee vun de Grënn, firwat d'Gaby Wagner perséinlech géint Quoten ass: “Sou laang déi Donnéeën net fiabel sinn, huet et kee Sënn Patronen eventuell ze sanktionéieren, déi awer vläicht hir Quoten hunn, ouni et ze wëssen”.

Meeschtens gesäit een den Handicap nämlech guer net. Dacks sinn et zum Beispill chronesch Krankheeten, déi dozou féieren, dass een net zu all Zäit 100% leeschtungsfäeg ass.

Marc Fernandes, 29 Joer

Dem Marc gesäit ee säin Handicap och net direkt un. Duerch seng Diabetis-Erkrankung huet hien e Problem um Fouss entwéckelt. Laang stoen, goen, lafen oder schwéier Saachen hiewen, soll hien evitéieren. Wat him op senger aktueller Aarbechtsplaz awer net ëmmer geléngt. Hien huet e CDD op 3 Méint als Agent de sécurité. Dass hien eng Behënnerung huet, huet de Marc sengem Patron net gesot – aus Angscht, d'Plaz net ze kréien. Den offizielle Statut als Salarié handicapé huet hie schonn zanter 2013. Ma bis elo huet hie seng Behënnerung a Virstellungsgespréicher ëmmer fir sech gehalen. Hie wënscht sech awer och an der Beruffswelt oppen an éierlech domat ëmgoen ze kënnen, ouni Konsequenze fäerten ze mussen.

Marc Fernandes: “Ech hunn elo perséinlech kee Problem mat iergendengem doriwwer ze schwätzen. Just eben an der berufflecher Welt ass et net grad esou, dass jiddereen dat gutt hëlt. A mengem Fall ass et schonn eppes anescht, well mir gesäit een dat net un. Wann ech dat lo eventuell am CV drastoen hätt, da géing mech keen huelen.”

Dass hie säin eigentlechen Dramberuff vum Polizist oder Pompjee duerch säin Handicap net realiséiere kann, hätt hie mëttlerweil akzeptéiert. Den Ament sicht hien no engem fräie Poste beim Staat oder bei enger Gemeng.