Policedirektioun net frou, datt Beamte systematesch vu Privatleit gefilmt ginn

Op der Méchelsfeier gëtt bei der Police de Point gemaach. / © Police
No enger klenger virtueller Zeremonie zejoert gouf de Schutzpatréiner Méchel en Dënschdeg nees am groussen Theater um Glacis gefeiert.
D'Defie bei der Police si grouss. Ënnert anerem beim Rekrutement a beim Equipement soll sech déi nächst Jore vill doen.
D'Police kuckt op eng apaart Zäit zeréck. Mat der Pandemie koumen nei Chargen, zum Beispill 24.000 Covid-Kontrollen, dobäi. Parallel wier d'Alldags-Geschäft net manner ginn, seet de Policedirekter Philippe Schrantz, deen un d'Kläpperei op Nationalfeierdag, un de Virfall zu Ettelbréck, u Volle vu Bijouen a Kette souwéi Abréch denkt.
Op alle Fall géing d'Police net nokucken an handelen, sou de Generaldirekter. Allgemeng kriten d'Beamten dobaussen net ëmmer dee Respekt, dee se verdéngt hätten. Wat d'Police an der Lescht besonnesch beschäftegt si Videoen, déi Privatleit vu Policeasätz dréien. "Wéi wann eisen Job net scho schwéier genuch wär, gëtt d'Police hautdesdaags egal wou bei egal wat vun egal wiem gefilmt. Et gëtt bal keen Asaz op der Voie publique, ouni datt iergendee fotograféiert oder filmt. D'Biller ginn deels direkt verëffentlecht an zirkuléieren a soziale Medien, dacks nodeems se beaarbecht goufen. Dorausser entstinn da sougenannte Shitstormen." D'Policedirektioun verlaangt, datt ee bei der Videosurveillance a bei de Kierperkamerae fir d'Beamten elo weiderkënnt.
D'Erausfuerderunge fir d'Zukunft si grouss. D'Equipement soll méi modern ginn a virun allem beim Personal soll opgestockt ginn. De Philippe Schrantz ass frou, datt sech beim leschte Rekrutement 700 Kandidate gemellt hunn. Och an Zukunft soll fir veschidde Chargë verstäerkt op Ziviliste gesat ginn.
D'Situatioun, aus där ee kënnt, wier net déi allerbescht, seet de Policeminister Henri Kox, ma et géing ee fläisseg seng Hausaufgabe maachen. Den aussergewéinleche Rekrutement soll net just bis 2023, mä eventuell bis 2025 lafen. D'Police soll méi wéi 3.000 Membere kréien.
Et soll an d'Grondausbildung an an d'Weiderbildung investéiert ginn. 2022 geet de Budget fir d'Police ëm 10% erop, sou den Henri Kox bei senger éischter Méchels-Ried.
D'Sécherheetsdiskussioun géing dacks net sachlech gefouert ginn, ma et géing een net ewechkucken, net am Garer Quartier an och net soss am Land, sou de Minister weider. D'lescht Woch wier e Plang fir méi Visibilitéit vun der Police virgestallt ginn an de Mesurëkatalog mat repressiven awer virun allem och preventive Mesurë kéim no. "Dofir wäert ech am Regierungsrot den 20. Oktober zesumme mat 6 Ministèren e Katalog vu kuerz-, mëttel- a laangfristege Mesurë virstellen, fir gemeinsam Drogekriminalitéitsbekämpfung nohalteg unzegoen." Op deem Punkt soll och mat de Gemengen zesummegeschafft ginn.
Hie kéint näischt verspriechen, mä géif all seng Energie drusetzen, fir d'Police bessert opzestellen, sou nach de grénge Minister.
Schreiwes
Festivités de la Saint Michel 2021
Ce mardi, 5 octobre 2021, la Police grand-ducale a célébré la fête patronale " Saint Michel ".
En mémoire du personnel décédé en mission, des gerbes ont été déposées devant la stèle à la Cité policière Grand-Duc Henri au Findel ainsi qu'au monument de la force publique au " Kanounenhiwwel " après un service religieux à l'église St. Michel à Luxembourg-Ville.
Par la suite, le directeur général de la Police Philippe SCHRANTZ et le ministre de la Sécurité intérieure Henri KOX se sont adressés au Corps et aux nombreux invités d'honneur lors d'une cérémonie au Grand Théâtre de la Ville de Luxembourg.
Toutes les festivités de la " Saint Michel " se sont déroulées sous le régime " CovidCheck ".