Um Mëttwoch de Mëtteg hunn an der Chamber d'Debatten iwwert d'Ried zur Lag vun der Natioun ugefaangen.

Et ass keng Iwwerraschung, datt d'Fraktioun vun der DP, der Partei vum Xavier Bettel, d'Aarbecht vun der Regierung an alle Beräicher lueft. De Fraktiounspresident Gilles Baum huet den Dag nom Etat de la Nation an der Chamber, grad ewéi de Premier a senger Ried zu der Lag vun der Natioun, mam Klimaschutz ugefaangen.

Fir den CO2-Ausstouss bis 2030 ëm 55 Prozent ze reduzéieren an d'Käschtenneutralitéit bis 2050 ze erreechen, misst d'Land déif an d'Täsch gräifen, esou de Gilles Baum, deen de Reproche vun der Oppositiounspartei CSV awer net gëlle léisst, d'Regierung hätt nach näischt Konkretes ënnerholl.

Extrait Gilles Baum

"Dës Regierung huet de Klimaschutz vun Ufank un zu hirer Prioritéit gemaach. An de leschte Joren huet d'Regierung Mesuren decidéiert, fir eng méi klimafrëndlech Mobilitéit, fir erneierbar Energien, a fir Emissiouns-Neutralitéit beim Wunnen a beim Bauen hinzekréien. Beim Logement hu mer mat déi héchste Standarden op der Welt. Mir hunn et duerch d’Passiv- an Niddreg-Energie-Haiser fäerdegbruecht, dass eise Parc immobilier an de leschte Jore geklommen ass, a gläichzäiteg d’Emissiounen an deem Beräich erofgaange sinn.''

De Gilles Baum huet och d'Rekordinvestitiounen an den ëffentlechen Transport, do natierlech virop fir d'Gratuitéit, genannt.

Lëtzebuerg wär och wirtschaftlech gutt duerch d'Pandemie komm. Eng grouss Steierreform mat Entlaaschtunge wär awer net méiglech gewiescht. Dofir huet de Fraktiounschef vun der DP déi kleng sozial Mesuren, déi de Premier annoncéiert huet, wéi déi gratis Maison relais op de Schouldeeg zum Beispill, begréisst.

D'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen dogéint huet d'Regierung an hirer Ried ferm kritiséiert: "Mir hunn e Bierg vu Problemer am Land, ma leider hu mer awer och a ville wichtegen Dossieren e Stëllstand." Dat sot si am Kader vum Debat iwwert d'Lag vun der Natioun an der Chamber. Ziler setze géif net duergoen, d'Realitéit wier nämlech knallhaart, esou d'Martine Hansen.

Extrait Martine Hansen

Der CSV no hätt d'Regierung iwwerdeems souwuel bei der Sensibiliséierungs- wéi och bei der Impfcampagne versot. Ze laang hätt et dem Martine Hansen no keng kloer Informatioune ginn, an d'Campagnen hätten ze spéit ugefaangen. D'Regierung hätt den Impfgéigner den Terrain iwwerlooss, huet d'Fraktiounscheffin vun de Chrëschtlech-Soziale bedauert.

D'Martine Hansen huet ënnerstrach, datt d'Gesondheet fir d'CSV Prioritéit wier, an dat am Hibléck op d'Pandemie-Gesetz, wat e Méindeg an der Chamber gestëmmt soll ginn, esou wéi et momentan ausgesäit, d'Land splécke wäert.

Kriticken u Walverspriechen

Donieft huet d'Fraktiounscheffin betount, datt d'Regierung Walversprieche gemaach hätt, déi net agehale géife ginn an huet d'Legaliséierung vum Cannabis ernimmt:

"En Dënschdeg hu mer héieren et kéim eng Upassung vun der Drogepolitik, dat kann alles oder näischt sinn. Wat et konkreet heescht, wësse mer net. Fir eis wier et gutt, wann et vum Dësch wier. Ech widderhuelen eis Bedenken: De Cannabis-Konsum dierf net verharmloost ginn."

Dem Martine Hansen no géif dësen Dossier weisen, datt Versprieche gemaach géife ginn ouni ze wëssen, ob ee se iwwerhaapt ëmsetze kéint. Kritik gouf et dann och schonn en Dënschdeg an éischte Reaktiounen, datt de Premier d'Verfassung a senger Ried net ernimmt hätt. Dozou den DP-Deputéierte Gilles Baum:

"Ech hätt gär gesinn, wat geschitt wier, wann de Premier eppes zur Verfassung gesot hätt. Hei geet et net ëm d'Politik vun der Regierung. Déi huet sech vun Ufank un aus den Aarbechte vun der Verfassung erausgehalen. Et ass den éischte Pouvoir, deen hei gefuerdert ass."

Unerkennung vun der Reindexéierung an de Subventiounen

Et kéint roueg och emol unerkannt ginn wat gutt leeft, amplaz just ze kritiséieren, huet de Georges Engel vun der LSAP betount an huet ënnert anerem ervirgestrach, datt d'Sozialisten d'Reindexéierung vum Kannergeld begréissen, déi si laang gefuerdert hunn. Méi Steierrecettë bräicht een der LSAP no awer net:

"Mä zur eiser Iddi vun der Verdeelung vum Räichtum sti mir nach ëmmer. Well keng global Steierreform kënnt an der LSAP awer wichteg ass, de Gruef tëscht Aarbecht a Kapital nees méi no beieneen ze kréien, wäerte mir am Kader vum Debat iwwert d'Justice fiscale ee Konzept presentéieren, wat geziilt sozial Gerechtegkeet fërdert."

D'Fraktiounscheffin vun Déi GréngJosée Lorsché huet beim Debat iwwer d'Lag vun der Natioun begréisst, dass d'Subventioune fir energetesch Sanéierungen a Photovoltaik an och d'Subside fir Vëloen an Elektroautoe verstäerkt goufen. Lëtzebuerg huet proportional gesinn aktuell dat zweetbeschten Netz vun Opluetstatiounen an Europa. Allerdéngs huet d'Josée Lorsché betount, dass d'Elektromobilitéit kee Stau reduzéiert. Den Ausbau vum ëffentlechen Transport an och de Vëlosweeër wär grad esou wichteg, esou déi gréng Deputéiert, déi begréisst, dass de Staat bis d'Joer 2025 2,5 Milliarden Euro doran investéiert, pro Kapp méi ewéi all anert Land. Vill Mesurë fir de Klimaschutz also.

"Dat ass dat Eent. Dat Anert ass déi bedauerlech Tatsaach, dass dës rasant Hausse vun den Energiepräisser fir vill Stéit e finanzielle Problem an dësem Wanter wäert ginn. Dowéinst si mir frou, datt d’Regierung eng Erhéijung vun der Allocation de vie chère vun 200 Euro ugekënnegt huet. Domat entlaaschte mer grad déi Famillen, déi am Stäerkste vun de klammenden Energiepräisser betraff sinn.''

A puncto Logement huet d'Josée Lorsché déi annoncéiert Mesuren ewéi eng Grondsteier begréisst. Si huet awer och betount, dass de System vun de kommunal Taxen net fonctionéiert an zu ville juristesche Problemer féiere géing. Dat géif d'Gemenge méi bremse wéi motivéieren. Virun allem déi méi grouss Gemengen. D'Josée Lorsché ass och Schäffin vun der Gemeng Beetebuerg. Déi Gréng begréissen, dass en nationale Regëster vun de Wunnenge soll Realitéit ginn.

Klimapolitik nach ëmmer Prioritéit

D'Klimapolitik ass weider eng Prioritéit, déi muss ugepaakt ginn. Dat gouf méi wéi eemol an der Chamber betount, wou aktuell d'Debat iwwert d'Lag vun der Natioun leeft. D’Klimakris war och an der Interventioun vum Georges Engel en zentraalt Thema. An den Ae vun der LSAP misst alles drugesat ginn ze weisen, dat villes méiglech wier, wann de politesche Wëllen och do wier an den Ziler déi néideg Prioritéite gesat ginn. Dobäi misst virun allem op e sozialen Ausgläich opgepasst ginn.

"Fir d'LSAP ass et besonnesch wichteg, datt zousätzlech Belaaschtungen a Contrainten déi d'Leit, déi elo schonn a prekäre Verhältnisser liewen, net nach méi an d'Aarmut dreiwen. Bei all Mesure muss gekuckt ginn, wat de sozialen Impakt dovunner ass. Nëmmen esou kënne mir déi gesamt Bevëlkerung op der Wee vun der Transitioun kréien".

Et misst een och bereet sinn, Adaptatiounen ze maachen, wann een mierke géif, datt verschidde Mesuren näischt géife bréngen huet de Georges Engel betount, dee bedauert huet, datt d'Oppositioun an hirer Interventioun just kritiséiert hätt, amplaz och unzëerkennen, wat gutt leeft.

Debat Ried zur Lag vun der Natioun / Claudia Kollwelter

Wat soen déi kleng Oppositiounsparteien ADR, d'Piraten an déi Lénk?

Reaktioune vun ADR, déi Lénk a Piraten / Rep. Pierre Jans

Wann et spéit gëtt an der Chamber an och d'Riedner vun de méi klenge Parteien d'Wuert kréien, kann den Toun emol méi rau ginn. Virun allem wann de Fernand Kartheiser vun der ADR um Pult steet. Een Ament wollt en der grénger Deputéierter Stéphanie Empain vun uewen erof d'Energie-Produktioun explizéieren. Eng aner Kéier huet en e Reproche géint de Premier net beleeë kënnen. De Chamberpresident adjoint Mars Di Bartolomeo, en impulsive Mënsch, huet agegraff.

"De Fernand Kartheiser hat behaapt, de Premier hätt mat engem weideren Etat de crise gedreet, am Fall wou d'Chamber net géif maachen, wat hie seet."

Den handfeste Beweis hat de Fernand Kartheiser net. D'Gemidder hate sech awer berouegt an den Deputéierten ass duergefuer. Ouni Referendum géif d'Verfassungsreform ni vun de Bierger respektéiert ginn. Et géif eng Radikaliséierung am Discours iwwer de Klimaschutz ginn. D'ADR ass géint fundamental Changementer a géint Drock op net-geimpfte Leit maachen.

"Fräiwëlleg impfen ass schonn eppes anescht ewéi fräiwëlleg gezwongen. A wann ee seet, dass d'Impfen hei am Land fräiwëlleg ass, dann däerf ee keen Drock maachen."

Och d'Pirate sinn net begeeschtert driwwer, dass de CovidCheck-Regimm ausgedeent gëtt. De Sven Clement nennt dat "Politik iwwer d'Käpp ewech". A bei der Klima-Politik géif d'Regierung Zuele-Kosmetik bedreiwen.

"Mir kënnen eis gären eis Zuele schéi schwätzen an eis eppes drop abilden, dass mir eis erneierbar Energië verduebelen oder verdräifachen, mee wa mir éierlech sinn, dann ass dat dach just méiglech, well eis Zuelen esou kleng sinn, dass dat och zimmlech einfach geet. Wann ech just 1 vun 10 Punkten an enger Prüfung kréien, muss ech an der nächster jo schliisslech och net wierklech vill besser sinn, fir mech "ze verduebelen" oder "ze verdräifachen", mee duerchgefall sinn ech dann awer."

De Sven Clement verlaangt, dass de Staat och net nëmmen op sengen eegen Diercher Photovoltaik-Anlagen ubrénge soll, mä och op deene vu Privatleit, déi dat wëllen.

Jo, an d'Première vun der Myriam Cecchetti vun déi Lénk am Debat iwwer d'Lag vun der Natioun war vum Toun hier och méi animéiert ewéi d'Riede vu sou munch Chamber-Laangzäit-Abonnenten.

"Et gëtt een d'Impressioun net lass, dass dem Premier gëschter [Dënschdeg] no 8 Joer an der Regierung d'Aen opgaange sinn, an all déi Krise fir sech entdeckt, déi eist Land elo scho joerzéngtelaang belaaschten. Léisunge koumen awer keng."

Déi sozial Ongläichheete vergréissere sech ëmmer weider, bedauert d'Myriam Cecchetti. An nieft de konkrete Proposen, déi déi Lénk och maachen, verlaange si e kategoresche Wiessel vum Lëtzebuerger System.