Et bougéiert op der "Rouder Lëns"
D'Silhouette vun der Rouder Lëns zu Esch huet an dësem Joer séier changéiert. Déi lescht Méint goufe vill al Gebaier dem Buedem gläich gemaach.
D'Vue vun uewen ass impressionnant. Um 11 Hektar groussen Terrain gesäit ee vill grouss Lächer. Sou munches huet um fréiere Site vun der Arbed bougéiert.
4 fréier Gebaier bleiwen dem Site erhalen, sou d'Sandra Huber, Responsabel vum Projet. Déi ginn an den neie Quartier integréiert a gi mat neiem Liewen gefëllt. Eng 1.400 Wunnenge gi realiséiert. Dat geet vu Studentewunnengen iwwer subventionéiert Logementer, bis hin zu Wunnenge fir eeler Leit.
"Et gëtt keng Insel zu Esch, mee wäert mam Zentrum vun der Minettemetropole verbonne ginn. CO2-neutral soll de Quartier ginn", sou nach d'Sandra Huber.
Nach een, dee sech mat der Rouder Lëns befaasst huet, ass de Fotograf Philippe Roguet. Wärend engem Joer huet de Fransous d'Evolutioun vum Site am Bild festgehalen. Erauskoum eng Panoplie u Fotoen. Iwwer 40 Stéck sinn der bis elo an déi ginn den 19. November an der Galerie "Schlassgoart" zu Esch ausgestallt.
An dat gëtt et nach eng App, mat där een och e virtuellen Tour iwwer d'Rout Lëns maache kann. Hei kritt een en Abléck an de Patrimoine industriel, wéi och an den zukünftege Projet.
Zanter iwwer 40 Joer gëtt op der Rouder Lëns keen Eisenäerz méi verschafft. De fréieren Arbed-Site erwächt elo lues awer sécher aus sengem Dornréischen-Schlof.