D'Stad Lëtzebuerg muss klimaneutral ginn. An zwar sou séier ewéi méiglech, well déi nächst 10 Joer sinn decisiv.

D'Stad Lëtzebuerg wëll bis 2030 d'Emissiounen ëm 40 Prozent reduzéieren. Net genuch, fannen déi Stater Gréng. Lëtzebuerg hätt am Verglach zu anere Gemengen nëmmen eng mëttelméisseg Klima-Zertifikatioun. Si hunn de Freideg dofir hire Plang fir eng klimaneutral Stad Lëtzebuerg presentéiert a 5 konkret Mesure genannt.

Stater Gréng fuerdere Klimaneutralitéit / vum Fränz Aulner

Ugefaange mam Bebauungsplang an de Bautereglementer. Manner Stenggäert, dofir méi Gréngs. Mat der Paräisser Plaz zum Beispill hätten déi Stater Responsabel d'Chance verpasst, fir méi Planzen a Beem mat anzebannen. Nei PAPe misst een am grousse Ganzen anescht ugoe fir d'Kreeslafwirtschaft ze fërderen, erkläert de Stater Grénge François Benoy.

„Eng interessant Iddi ass och, datt mir un d'Mobilitéit vun der Zukunft denken. Amplaz, datt mir iwwerall Déifgarage bauen – wou mir wëssen, datt d'Mobilitéit an Zukunft wäert eng aner sinn – datt mir do ufänke modulär ze bauen. Wann een et an 20 Joer net méi brauch kann een et ofbauen oder anescht notzen."

A Saache Mobilitéit misst een iwwerdeems ëmmer méi an d'Richtung vum Deele goen. Do misst ee virun allem de Car-Sharing weider ausbauen, esou de François Benoy. Eng aner Iddi wier och d'Vëlo-Locatiounssystemer a Richtung Cargo-bikes weider auszebauen. Et wier awer awer wichteg, d'Energie an de Chauffage ëmzestellen. Déi Stater Gréng proposéieren zum Beispill Primme fir Wärmepompelen a Solaranlagen. Wann déi ronn 800 Gebaier, déi der Stad Lëtzebuerg gehéieren, Solaranlage kriten, da kéint een herno zum Beispill d'Luuchten uechter d'Stad oder d'Kläranlage mat deem Stroum bedreiwen. De Paul Zens, och Stater Gréngen, erkläert, datt d'Stad Lëtzebuerg den Ament awer just 2 Prozent vum Gesamtpotential notzt.

„Et sinn al Gebaier, déi si geschützt, do kann een näischt maachen, mee mir hunn ausgerechent, datt ongeféier 7.500 Dierche prett wiere fir Photovoltaique-Anlagen. Dat géif dann ongeféier duergoe fir 60.000 Leit, also d'Hallschent vun der Stad, mat elektreschem Stroum ze versuergen."

An der Stad géif och iwwerproportional vill Knascht gemaach ginn: Am Joer 523 Kilo Restmüll pro Kapp.  Dowéinst misst een d'Offall-Taxe esou reforméieren, datt een déi belount, déi manner Offall produzéieren.  Verschidde Gemengen hu schonn esou eng Taxe an dat géif sech och däitlech an de Chiffere weisen. Do donieft proposéiere si och, datt kleng Atelieren an den neie Residenz-Pläng mat agebonne ginn, wou d'Leit zesumme bastelen, bauen a virun allem Saache flécke kënnen.

Alles dat kéint awer nëmme funktionéieren, wann een d'Bierger mat abënnt. Sief dat mat Participative Versammlungen oder esouguer enger Plaz, wou si hir Propose kënnen erareechen. Et misst een déi nohalteg Alternativen am grousse Ganzen einfach méi attraktiv maachen, esou déi Stater Gréng. Ënnert anerem duerch finanziell Hëllefen.