Et géif kee Gestreits am Service vum Noutruff 112 ginn

D'Tageblatt hat gemellt, et wier bei der Zentral fir Noutriff 112 en immens schlecht Betribsklima. Dat gesäit den Direkter vum CGDIS anescht.
Et géife keng Streidegkeeten am Service vum Noutruff 112 ginn, mä just Leit, déi mat hirer perséinlecher Situatioun onzefridden sinn. Esou reagéiert den Direkter vum CGDIS Paul Schroeder op déi nei Reprochen, déi eng anonym Source an engem Artikel um Samschdeg am Tageblatt formuléiert huet. Do ass rieds vun décker Loft an der Noutruffzentral.
Dat hei seet den Direkter Paul Schroeder: "Wa vläicht eng bedréckend Stëmmung am 112 ass, dann ass et vläicht doduercher, datt déi nämmlecht Virwërf ëmmer erëm an d'Ëffentlechkeet gedroe ginn, obwuel dann och scho Stellung dozou geholl ginn ass an datt dat eigentlech ëmmer erëm aus dem selwechten Eck kënnt. De Gros vun de Leit fannen dat méi bedréckend wéi déi Virwërf, déi hei elo erëm opgegraff ginn."
Dës Virwërf besoen, dass Féierungsposten an deem Service bis ewell net offiziell ausgeschriwwen goufen, an da mat Leit besat gi wieren, déi keng professionell Pompjeesausbildung hätten. Dat geet och aus Extraite vun engem internen Audit ervir, deen RTL virläit. Deel vun der Reform vum CGDIS war awer grad, dass Leit, déi beim 112 schaffen och d'Méiglechkeet kréien, sech als Pompjee ausbilden ze loossen, esou den Direkter Paul Schroeder.
Et wier och net sou, datt d'Leit beim 112 géinge fortlafen. Posten, déi d'lescht Joer duerch Pensioune fräi goufen, hätt een all gefëllt kritt.
"Mir maachen eemol am Joer en Tour vun interner Mobilitéit, wou d'Leit sech alleguer kënne mellen, wa se op eng aner Plaz wëlle goen. Do hu vu 600 Pompjeeën, déi mer beim CGDIS hunn, sech der 25 gemellt, déi wollten op eng aner Plaz, an dovun 1 vum 112 an dat well en eben op e Poste wollt goen, deen e berufflech interesséiert huet, well en dohi wollt schaffe goen. Also kann een net soen, dass all Mënsch wéilt fortlafe beim 112."
Et wär och net richteg ze soen, dass elo Persounen héich Poste blockéieren. Am CGDIS wär e System etabléiert ginn, deen et jidderengem erméiglecht sech intern weiderzebilden, an esou nei Méiglechkeeten ze kréien, Karriär ze maachen.
An der Noutruffzentral schaffen ëm déi 35 Leit. 8 Posten dovun hu Responsabilitéiten. Et ass also net ze evitéieren, dass verschidde Leit keen esou e Posten hunn, betount den Direkter vum CGDIS. Verschiddener hätten awer gäre méi ze soen, a wären dofir onzefridden.
Am Kader vum internen Audit wier och eng Enquête bei de Mataarbechter um 112 gemaach ginn - doraus hätt sech erginn, datt verschidde Saache kéinte verbessert ginn an dat géif och elo geschéien, vun enger allgemeng schlechter Stëmmung kéint een awer net schwätzen.