
Et bleift derbäi, datt d’Visitten op maximal 2 Leit pro Visitt an hanner Plexiglas organiséiert ginn. Extern Persounen, zum Beispill Psychotherapeuten, déi vu baussen an de Prisong rakommen, gi wéinst der sanitärer Lag net eragelooss. Dës Mesurë waren vun Ufank u fir en Zäitraum vun zwou Wochen decidéiert ginn a kéinten och nach verlängert ginn.
Der Prisongsdirektioun ass offiziell net bekannt, wéi de Virus an de Prisong erakomm ass. D’Associatioun “eran, eraus.. an elo?” seet, den aktuelle Cluster wier op d’Wäscherei zréckzeféieren.
D’Stëmmung am Prisong wier den Ament bedréckend, sou de Grégory Fonseca am RTL-Interview. D’Prisonéier kéinte schwéier novollzéien, datt d’Visiteuren all kéiers missten e CovidCheck virleeën an déi aner Leit, déi vu baussen an de Prisong erakommen, net. D’Prisongsverwaltung huet sech géint e generelle CovidCheck-System decidéiert, well en an der Praxis schwéier ëmzesetze wier. Et géif een doriwwer eraus op d’Recommandatioun vun den Dokteren am Haus goen. Konkret bedeit dat, datt weider Maskeflicht, d’Distanzreegelen an déi aner sanitär Reegelen, wéi verstäerkt Botzen a Lëfte gëllen.
Wéi héich den Impftaux ablécklech ënnert de Prisonéier ass, krute mer op Nofro hin net gesot. Bei der Impfcampagne am Abrëll wollte sech ganzer zwee Drëttel vun de Prisonéier net géint de Covid impfen loossen.
