OneCoin-Bedruchsaffär Frank Schneider kënnt provisoresch aus dem Prisong

Claude Zeimetz
De fréiere Geheimdéngscht-Mataarbechter Frank Schneider kënnt e Méindeg ënner Oploen a Frankräich aus dem Prisong.
© RTL Archiv

Dat huet RTL ee vu sengen Affekoten, de Maître Pol Urbany, am spéide Freidegmoie matgedeelt. D’Cour d’Appell zu Nanzeg huet e Freideg heiriwwer tranchéiert.

Den Ex-Srel-Mann war am Abrëll dëst Joer kuerz virun der Lëtzebuerger Grenz am franséische Grenzgebitt op Demande vum FBI festgeholl ginn. Hie steet ënner Verdacht an eng Affär vu Bedruch a Geldwäsch mat der Kryptowärung “OneCoin” verwéckelt gewiescht ze sinn.

De Frank Schneider kennt e Méindeg ouni Kautioun provisoresch fräi. Mä muss mat enger elektronescher Foussfessel doheem bleiwen. Den 19. Januar decidéiert d’Geriicht zu Nanzeg iwwert dem fréiere Geheimdéngschtmataarbechter seng Ausliwwerung un d’USA, déi d’amerikanesch Autoritéite gefrot hunn.

OneCoin-Bedruchsaffär - Gëtt de Frank Schneider un d’USA ausgeliwwert?

Back to Top
CIM LOGO