Paulette Lenert a Xavier BettelBooster-Impfung fir jiddereen iwwer 18 Joer

Annick Goerens
Lynn Cruchten
E Freideg de Mëtteg hunn de Premier an d'Gesondheetsministesch nom Regierungsrot de Point vun der aktueller Corona-Situatioun am Land gemaach.
Pressekonferenz Xavier Bettel & Paulette Lenert
E Freideg de Mëtteg hunn de Premier an d’Gesondheetsministesch nom Regierungsrot de Point vun der aktueller Corona-Situatioun am Land gemaach.

Mesuren Regierungsrot / Reportage Annick Goerens

Net nëmme Leit iwwer 75 Joer solle vun der drëtter Booster-Impfung profitéieren, mä jiddereen, deen iwwer 18 Joer ass, kritt deemno eng entspriechend Invitatioun. 40.000 éischt Bréiwer ginn ewell den nächste Méindeg eraus. Dëse Rappell geschitt 6 Méint no der 2. Impfung mat den Impfstoffer vun AstraZeneca, Biontech/Pfizer oder Moderna oder ee Mount no der Impfung mat deem vun Johnson&Johnson.

Den Ament wieren 2,5 Mol méi net-geimpfte Leit wéi geimpfte Leit hospitaliséiert - an dobäi wier d’Zuel vu Leit, déi geimpft sinn, allgemeng an der Gesellschaft awer vill méi grouss wéi d’Zuel vun den net-geimpften, sou d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

“Wann ee just déi blank Zuel am Spidol kuckt, gesäit dat aus, wéi wann de Risiko d’selwecht wär, mä dat ass net de Fall, well à la base jo natierlech vill méi geimpfte Leit do sinn. A wann dat zu der selwechter Unzuel am Spidol féiert wéi bei deenen Net-Geimpften, dann ass dat e ganz gudde Score. Kënnt dobäi, datt déi geimpfte Leit, an dat bestätegt sech vu Woch zu Woch, dat si quasi exklusiv eeler Leit, wou de Facteur Alter dobäi kënnt an aner Krankheeten nach. Dat heescht, mir hu quasi kee Fall, souguer kee Fall Stand haut, wou een, deen duerchgeimpft ass, kärgesond ass a soss keng Problemer huet a relativ jonk ass am Spidol géif landen. Et si wierklech déi typesch Fäll, wou d’Duerchbréch sinn.”

Aktuell leien 9 Covid-Patienten op der Intensivstatioun. Lescht Joer waren et ëm deen Zäitpunkt 45 Persounen. De Staatsminister Bettel huet d’Entwécklung vun de Covid-Neiinfektiounen als “linéaire” beschriwwen. Et gëtt dann och net ausgeschloss, datt et nom Oflafe vum aktuellen Covid-Restriktiounsgesetz den 18. Dezember zu weidere verschäerfte Mesurë kënnt, dëst jee no der Entwécklung vun der Pandemie. Et ass nach eemol och den Appell un d’Solidaritéit vu jidderengem, fir datt net nees musse méi streng Mesurë geholl ginn.

Datt 15 Prozent vun de Leit iwwer 60 Joer nach net géint de Covid geimpft sinn, mécht der Regierung Suergen. Dofir läit d’Prioritéit weider um Impfen an dofir gëtt och an der Woch nom 6. Dezember eng reegelrecht Impf-Woch am ganze Land organiséiert. D’Regierung wëll verstäerkt op Plaze goen, wou vill Mënschen ënnerwee sinn, wéi zum Beispill an engem Akafszenter, a Gemengen a wärend Eventer. Vun e Samschdeg u funktionéiert an der Groussgaass an der Stad en zousätzlechen Impfzenter.

“Dir wësst, dass an der Groussgaass op der Nummer 70 och eng Plaz ass, wou een eng Zertifikatioun ka maachen, wou och ganz vill Leit laanscht kommen, déi net geimpft sinn, well se komme jo hire Certificat sichen. An deem selwechte Gebai ass och elo en Impfzenter, deen och proposéiert gëtt bis den 31. Dezember, an deen ass vun 11 moies bis 18 Auer op.”

E Freideg gouf iwwerdeems och e Gesetzesprojet ugeholl, deen et erméiglecht, datt den Anti-Covid-Vaccin och an Apdikten ka gesprëtzt ginn - dat war bis ewell net méiglech.

De Vaccinatiounstaux fir Leit iwwer 12 Joer läit aktuell bei knapp 77 Prozent. Wéi d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert sot, misst alles dru gesat ginn, fir deen Taux nach weider an d’Luucht ze drécken, sou datt d’Zirkulatioun vum Virus limitéiert gëtt.

D’Hotline vun der Santé ass iwwerdeems iwwerlaf, dat ass e Fakt. Et misst sech hei gedëllegen, sou d’LSAP-Ministesch.

Weider gëtt och op den Asaz vun de Schnelltester als gudde Reflex gesat. Bei Covid-Gripp-Symptomer ass et den Appell, direkt en Dokter ze kontaktéieren a sech vun anere Leit ewechzehalen.

Replay vun der Pressekonferenz

Pressekonferenz Xavier Bettel & Paulette Lenert
E Freideg de Mëtteg hunn de Premier an d’Gesondheetsministesch nom Regierungsrot de Point vun der aktueller Corona-Situatioun am Land gemaach.

Back to Top
CIM LOGO