
Virdru war de Budget mat 5 zu 3 Stëmmen ugeholl ginn.
Um Freideg elo koum d’Nouvelle, dass elo och en 2. Conseiller, de Carlo Ernst, zréckgetrueden ass. Dat bedeit, dass bannent 3 Méint Komplementarwale mussen ofgehale ginn, heescht et aus dem Inneministère; vun enger 2. Demissioun u wieren déi onëmgänglech. Op d’Plaz vum Schäffen, deen Ament, zu Weiler wäert nei besat ginn, bleift ofzewaarden.
Et rumouert an de leschte Wochen a méi wéi enger Lëtzebuerger Gemeng: no de Komplementarwalen zu Lenneng, de virleschte Weekend, hat de laangjärege Buergermeeschter Arnold Rippinger jo säi Récktrëtt annoncéiert, nodeems 3 Kandidate vun der Oppositioun an de Conseil gewielt goufen.