
Wéi uerg sinn d’Menacen? Wéi eng Moyene kommen an den Asaz? Wat sinn dat fir juristesch Schrëtt, déi géint Journalisten an d’Weeër geleet ginn a wat kann dogéint gemaach ginn? D’Annick Goerens huet beim President vun der Journalistenassociatioun ALJP, dem Roger Infalt nogefrot.
Et ass näischt Neies, dass Journalisten no kriddelege Sujete Menacë gemaach kréien an och perséinlech ugegraff ginn. Dat gëtt et zanter Joerzéngten, ma an dëser Pandemie wier d’Hemmschwell komplett gefall. “Den Niveau vun deene perséinlechen Urempelungen an och vun deenen Dreeungen, déi un d’Journalisten erugedroe gi respektiv u ganz Redaktiounen, u Medienhaiser, an deem Style, wéi mer et elo kennen, hu mer virdrun net kannt.”
De President vun der ALJP gëtt e puer Beispiller vu konkrete Menacen an Ugrëff op Journalisten hei am Land"Et ass dat selwecht geschitt, wéi et och bei engem Politiker geschitt ass. Dat heescht, do si Leit opgekräizt virun deenen [Journalisten n.d.l.r.] hiren Haiser an déi hu mat Eeër och op d’Fassade vun deenen Haiser geschoss. Et ass och ee Journalist, deen huet, zanter dass een Deputéierten, fir den Här Reding elo net ze nennen, wéi deen op engem social media Kanal dem Journalist seng privat Telefonsnummer gepost huet, zanterhier déi schlëmmsten Text-Noriichten an déi schlëmmsten Uriff kritt.”
Donieft gëtt och ëmmer méi dacks Gebrauch vun sougenannten “Slapp"-Plainte gemaach. “Slapp” steet fir “Strategic lawsuit against public participation” a se riichte sech géint Journalisten, Aktivisten an Organisatiounen, déi op Mëssstänn opmierksam maachen. Doduerch géing Drock op d’Journaliste gemaach ginn. Et géing versicht ginn, si anzeschüchteren a se sou vu weiderer kritescher Berichterstattung ofzehalen. Dës “Slapp"-Plainte fuerdere meeschtens horrend héich Zomme Boergeld. De Roger Infalt gëtt d’Beispill vum Tageblatt. “Do gëtt een Dossier gemaach iwwer d’Schwurbelerzeen hei zu Lëtzebuerg. Do gëtt och gesot, wien do Brandstëfter ass a wéi eng Leit do hannendru stinn. Da kritt ee Post vun engem Affekot an do gëtt dann an deene Bréiwer een Äntwert-Recht gefrot, wat jo jiddereen zu Lëtzebuerg huet, mä direkt hannendrun gëtt eng Geld-Fuerderung gestallt, well déi Leit an hirer Éier blesséiert gi wieren an déi Geld-Fuerderunge leien dann an zwee Fäll an der Héicht vun 150.000 Euro.”
Wann een déi Suen net bannent enger gewëssener Zäit bezuelt hätt, da géinge juristesch Schrëtter an d’Weeër geleet ginn. “Et si mutmaasslech Dreeungen, déi do ausgesprach gi vis-à-vis vun engem Journalist a vis-à-vis vun enger Redaktioun, déi sollen dozou féieren, dass de Journalist beaflosst gëtt, dass hie jo vläicht och Angscht kritt. Well déi Suen, dat si jo och awer Chifferen, dass hien déi eventuell misst, wann et schlëmm geet, aus senger eegener Täsch bezuelen oder virstrecken. All déi Saache beweisen, ëm wat dass et geet. Et geet net ëm d’Saach u sech, mä et geet drëm, dass déi fräi Press soll e Maulkuerf ugedoen kréien. Et ass eng Zort Aschüchterung, eng ganz perfid.”
D’ALJP fuerdert d’Journalisten dofir op, fir sech bei hinnen ze mellen a beroden ze loossen, wa se mat esou Plaintë konfrontéiert ginn. Och d’EU-Kommissioun huet ee Regëster fir “Slapp"-Plainten z’enregistréieren. “Et soll einfach mol weisen, dass et oft déi selwecht Leit, Organisatiounen a Stréimunge sinn, déi do mat esou Slapp-Suits hantéieren, fir d’Press anzeschüchteren. Wat eis Politik soll maachen? Ma déi solle sech mat deem Thema mol eeschthaft befaassen, well et geet net nëmmen duer, fir ze soen “mir wëssen dat a mir huelen Kenntnis dovun”, mä et geschitt näischt hannendrun.”
Dofir misst d’Pressegesetz och mol op de Leescht geholl ginn, well do vill dra wier, wat net méi der Zäit ugepasst wier, erkläert de President vun der Journalistenassociatioun Roger Infalt.
Et goung am Interview dann och ëm de Jean-Marie Jacoby. Hien huet eng Pressekaart a schreift fir d’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek. Hien ass awer och bekannt als Co-Organisateur vun de „Marches blanches“ an op de Maniffen als radikalen Impfgéigner a Verschwörungstheoretiker. Hie setzt ënner anerem ëffentlech de „Judenstäer“ mat engem Covid-Check-Zertificat gläich an huet och an ëffentleche Bréiwer un d‘Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer vu Konzentratiounslager an Australien geschwat.
D‘Journalistenassociatioun gesäit doranner ee groussen deontologesche Problem, allerdéngs erkläert de President Roger Infalt, dass et net sou einfach ass, engem Journalist seng Pressekaart fortzehuelen. „Op der anerer Säit gëtt et och e Gesetz an e Reglement, wat d‘Pressekaarten ubelaangt an och d‘Commission des cartes wäert sech an hirer nächster Sitzung mat dem Fall beschäftegen. Do muss ee kucken, op wéi enger Basis een enger Persoun wéi dem Här Jacoby elo kéint eng Kaart ofhuelen oder seng nei Kaart net méi ginn. Dat ass de Presserot, deen dat muss entscheeden, do wëll ech mech elo net virun d’Kar spane loossen. Mä als ALJP ass eis Meenung kloer: op der enger Säit, dass déi Saachen net compatibel si mat dem Code de déontologie, wat den Här Jacoby do an de Mikro jäizt, respektiv op de soziale Medien post. Op der anerer Säit si mer awer och der Meenung, dass et e Gesetz an e Reglement gëtt, wat muss agehale ginn.”
Et misst ee kucken, a wéi fern de Jean-Marie Jacoby dat gemaach huet am Ausübe vu sengem Beruff als Journalist oder privat. Ma op senger Facebook-Säit géing op alle Fall stoen, hie wär Journalist, sou nach de President vun der ALJP Roger Infalt.