"D'Studente sollen an der Pandemie net vergiess ginn", sou d'Polina Bashlay
© RTL Archiv
Zanter e Sonndeg huet d’Studentevereenegung ACEL eng nei Presidentin: d'Polina Bashlay.
Zanter zwee Joer engagéiert déi jonk Studentin sech scho bei der ACEL a bléckt mat eis zréck op eng turbulent Zäit. Vun der Politik fuerdert si, d’Studenten an Zäite vun der Pandemie net ze vergiessen.
Mat méi wéi 40 Studentecerclen an iwwer 10.000 Studenten ass d’Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois de gréissten a wichtegste Studentevertrieder zu Lëtzebuerg.
Wou d’Pandemie ugefaangen huet, wousste vill Studenten net weider. E wichtege Rôle vun der ACEL ass et hei Studenten ze informéieren an ze representéieren. Duerch Covid si Problemer opkomm, déi ee virdrun nach net kannt huet. Déi nei Presidentin Polina Bashlay: "D’Grenze goufen zougemaach, et war onsécher, op mer iwwerhaapt duerften zréck an d’Land, wou mer studéieren. D’Unien hu bemol zougemaach, Exame goufe verluecht. An do hunn mer da puer Saache mat de verschiddene Ministèren - Gesondheetsministère, Ausseministère an Héichschoulministère - probéiert no Léisungen ze sichen."
Zu de Léisungen zielen ënner anerem Tester oder och d’Impfung, fir kënnen iwwer d’Grenz ze kommen. Lo, wou et kee Large Scale Testing méi gëtt, kann een als Student Bonge fir PCR-Tester bei der ACEL ufroen. Och huet d'ACEL sech mam Educatiounsministère zesumme gesat, fir kënne weider Bourssen ze kréien, am Fall wou sech de Studium verlängert, well d’Examen hu misse verréckelt ginn.
Op dat neit Joer bléckt d’ACEL mat gemëschte Gefiller. Obschonns d’Corona-Neiinfektioune géingen zouhuelen, wier ee frou, all Student wierklech eng individuell Léisung kënnen unzebidden.
Un d’Politik hu si eng konkreet Fuerderung: "Et ass wichteg eis Studenten net ze vergiessen. Mir hunn awer eng ganz schwéier Zäit. Eisen Alldag gouf schonn extreem ageschränkt duerch d’Pandemie. Dat wat mir kennen, iwwerhaapt an eis Studieland zréckzefueren, dass dat schonn sou ee grousse Problem war, ass natierlech extrem schwéier fir Studenten. Do ass da wierklech déi Fuerderung, d’Studenten net ze vergiessen an ëmmer drun ze denken, ok mir maachen hei Reegelen, da musse mer awer och kucken, wéi solle mer dat mat de Studenten handhaben."
Anerersäits gëtt d’ACEL och selwer mat dësen onsécheren Zäite konfrontéiert. Et kéint een Evenementer wéi hire Studentebal nëmme bis zu engem bestëmmte Punkt plangen an da misst een trotzdeem fäerten, dass en awer nach misst ofgesot ginn. Et misst een also op alles virbereet sinn a séier reagéiere kënnen, sou nach d’Polina Bashlay.