Santé passt Contacttracing un
© AFP
Zanter e Freideg gëllen nei Richtlinne fir positiv op Corona getest Leit a Kontaktpersounen.
Ëmmer méi Neiinfektioune ginn duerch Antigen-Selbsttester detektéiert. Eleng d'lescht Woch goufen 78 positiv Selbsttester gemellt. Déi Woch virdru waren et der 59. Ma wat konkret sinn dann elo déi nächst Schrëtt, wann den Antigen-Selbsttest Doheem, op der Aarbecht oder virum Restaurant positiv ass?
Fir d'éischt soll ee sech direkt vu senge Matmënschen isoléieren. Wann een deen Ament op der Aarbecht oder dobaussen ënnerwee ass, heescht dat direkt Heem goen.
Da soll een d'Resultat och der Santé melle via covidtracing.public.lu an déi Persounen informéieren, mat deenen een déi lescht Deeg enke Kontakt hat. Als Kontaktpersoune ginn déi Leit ugesinn, mat deenen een an de leschten zwee Deeg méi wéi 15 Minutte Kontakt ouni Sécherheetsmesuren hat. Dozou gehéieren ënnert anerem déi Leit, mat deenen een zesummewunnt. Awer och Aarbechtskolleegen, mat deenen een zum Beispill Mëttes giess huet, soll een informéieren. D'Santé recommandéiert, eng Lëscht mat de Kontaktpersounen hiren Nimm, Telefonsnummeren an E-Mail-Adressen ze preparéieren.
Wiem et net méiglech ass, ee Selbsttest mat Auto-Declaratioun ze maachen, dee muss esou séier wéi méiglech an de PCR-Test, een zertifiéierte Schnelltest maachen, oder säin Dokter kontaktéieren.D'Kontaktpersoune solle fir siwen Deeg a Quarantän goen a kënne sech de sechsten Dag nom Kontakt teste loossen. Wann d'Resultat negativ ass, ass d'Quarantän opgehuewen. D'Kontaktpersoune ginn awer dozou opgefuerdert och no der Quarantän besonnesch opzepassen a sech selwer ze iwwerwaachen. Kontaktpersounen, déi vollstänneg geimpft oder geheelt sinn, si vun der Quarantän ausgeschloss.
De Covid-Infizéierte soll d'Resultat vum positive Selbsttest mat engem PCR-Test iwwerpréiwe loossen. D'Persoun gëtt vum Contacttracing kontaktéiert. Den Infizéierte muss op d'mannst zéng Deeg an Isolatioun bleiwen. Fir symptomatesch Persoune gëllen zéng Deeg vum Dag un, wou déi éischt Symptomer opgetruede sinn. Fir asymptomatesch Leit gëllen zéng Deeg vum Dag un, wou den Test gemaach gouf.
E weideren Test no deenen zéng Deeg Isolatioun ze maachen, gëtt vun der Santé net recommandéiert. Dat well d'Persoun eng Zäitche Corona-positiv bleiwe kann, obwuel se guer net méi oder ganz wéineg ustiechend ass.
De Communiqué vun der Santé
COVID-19: Adaptation du fonctionnement du Contact Tracing afin de faciliter le traçage des contacts (31.12.2021) | |
| |
| |
Compte tenu de la forte croissance des nouvelles infections COVID-19, la cellule du Contact Tracing de l’Inspection sanitaire a adapté son mode de fonctionnement afin d’augmenter sa réactivité dans le suivi des contacts. Cette adaptation sera opérationnelle à partir d’aujourd’hui. Si vous êtes testé COVID-19 positif: mettez-vous en auto-isolement! Dans tous les cas, mettez-vous en auto-isolement. Prévenez les personnes avec lesquelles vous avez été en contact étroit au cours des 2 derniers jours et préparez une liste avec leurs noms, téléphone et adresse e-mail.
S'il ne vous est pas possible de faire une auto-déclaration (auto-test antigénique), vous devrez réaliser un test PCR ou un test antigénique certifié au plus vite ou contacter votre médecin.
S'il ne vous est pas possible de faire une auto-déclaration (test PCR/test antigénique certifié), vous serez contacté par le Contact Tracing au plus vite, normalement dans les 48 heures après le résultat de votre test. Si vous ne disposez pas d'un ordinateur, veuillez attendre un appel téléphonique. Si vous étiez en contact à haut risque avec une personne testée COVID-19 positif À noter que si vous vous êtes déclaré comme contact étroit ou si une autre personne vous a déclaré comme contact étroit, vous ne serez normalement plus appelé par téléphone par l'équipe du Contact Tracing.
Vous trouverez plus d’informations sur www.covid19.lu, y inclus en ce qui concerne l’organisation de votre auto-isolement et de votre auto-quarantaine. |