Vu jonk un d'Handwierk als Méiglechkeet virgestallt kréien
Fir der Penurie am Handwierk entgéint ze wierken, sollen déi entspriechend Beruffer méi valoriséiert a promouvéiert ginn.
Mee wéi soll dat geschéien? A wéi steet et ëm d'Valorisatioun vum Handwierk? An enger Serie ronderëm d'Handwierk huet sech d'Monica Camposeo dëse Froen ugeholl. An eisem éischten Deel geet et ëm d'Orientatioun am jonken Alter. Mam Beispill vum Lycée Ermesinde.
D'Lara huet schonn als Kand senger Mamm gär d'Hoer gemaach. An der Entreprise "Académie Beauté" kann hatt elo éischt Handgrëffer aus dem Metier léieren.
Domadder kéint d'Lara sech schonn op de Beruff virbereeden. Wéinst der praktescher Approche huet d'Schülerin sech och fir de Lycée entscheet.
Eng fréi a méiglechst gezillt Orientéierung soll hëllefen, fir mam spéidere Beruff och zefridden ze sinn.
D'Entreprisë sinn hei am Lycée nämlech, nieft de gängege Schoulstonnen, Deel vum Programm an domadder och Deel vun der Zensur.
De Philippe Demart, Attaché vun der Direktioun am LEM:
"Fir dass d'Schüler kënnen erausfannen, ob si um richtege Wee sinn oder net. D'Schoulpersonal gëtt hinnen dozou och Feedback, ob si an hirem Projet personnel weider ënnerstëtzt ginn."
D'Orientéierung wier dann och nëmme bedéngt ofhängeg vum Regime, also Classique, Général oder Préparatoire.
Am Sënn vun der Allgemengbildung wier et wichteg ze gesinn, dass et ënnerschiddlech Richtunge gëtt."
"D'Handwierk also als bewosste Choix an als Stäerkt unerkennen, a net just als «Plang B».
Ma fir ze wëssen, a wéi eng Richtung et goe soll, muss ee fir d’éischt mol ausprobéieren. D'Céline Yesilmen leet d'Entreprise “Académie Beauté” an huet scho materlieft:
"Dass och Schüler a Schülerinnen, déi net onbedéngt an där Branche wollte schaffen, duerch d’Entreprise awer en neie Beruff fir hire Projet personnel entdeckt hunn."
Esou ass et och dem Maïwenn gaangen. Hatt ass op 4ième a wéilt gären Déiere-Kiné ginn.
"Am Ufank wollt hatt awer Veterinär ginn, mee en Déier z’operéieren, kéint hatt sech awer net virstellen. Duerch d'Erfarung an der Entreprise wëll hatt elo déi zwou Passiounen, also d’Déieren an d’Welt vun der Ästheetik, kombinéieren."
Ma egal, ob Studium oder Ausbildung, déi verschidden Optioune sollen de Schülerinnen a Schüler opstoen. Och dat dréit zur Valorisatioun vum Handwierk bäi.