Iwwer Nuecht geplënnertImpfzenter um Lampertsbierg gouf op de Kierchbierg an d'Luxexpo verluecht

RTL Lëtzebuerg
An der Victor-Hugo-Hal gëtt vun e Méindeg un net méi geimpft. Et gouf Problemer mam Plaffong a bis op Weideres sinn deemno d'Dieren zou.

Dat deelen de Gesondheetsministère, de Staatsministère an d’Ville de Luxembourg an engem Schreiwes mat an nennen technesch Problemer an der Victor-Hugo-Hal als Ursaach. RTL-Informatiounen no géingen et Problemer mat Placke ginn, déi um Plaffong vun der Hal fixéiert sinn. Bis de Problem behuewen ass, kënne keng Leit eragelooss ginn.

Impfzenter Victor-Hugo-Hal geplënnert / vum Sabrina Backes

Den haut-commissaire à la protection nationale, de Luc Feller, huet eis déi Problemer mam Plaffong confirméiert an dofir kéint een aus Sécherheetsgrënn keng Leit méi an d’Hal eraloossen, bis dat ebe behuewen ass.

Mir hunn eis gëschter am Nomëtte géint 5 Auer an der Luxexpo getraff an dann hu mer eis e Schlachtplan ginn, wann ech dat sou däerf soen. A gëscht den Owend hunn d’Ekippen ugefaangen alles heihinner ze plënneren, haut de Moien ass weider geschafft ginn. An iwwer d’Plënnere raus, ass natierlech ganz vill Elektronik ze verleeën. Et si ganz vill Reseauskabelen ze verleeën, well mer an all Impfbox en Accès op den Internet mussen hunn. Dat ass eigentlech de grousse Challenge bei der ganzer Affär.”

Den Impfzenter ass also quasi iwwer Nuecht op de Kierchbierg geplënnert. Dat ass nëmme méiglech gewiescht, well vill Leit, ënner anerem vun der Stad Lëtzebuerg a vum CTIE, sech bereet erkläert hunn ze hëllefen.

An nächster Zäit wäerten an der Luxexpo dann direkt zwee Impfzentere sinn. Engersäits de provisoreschen an anerersäits deen, wou d’nächst Woch opmécht a scho méi laang geplangt war. D’Aarbechten heifir lafe lo dës Woch parallel an der selwechter Hal.

Wéi laang de provisoreschen Impfzenter elo wäert an der Luxexpo bleiwen, ass nach onkloer. Et geet een awer dovun aus, datt dës Léisung mol sécher bis Enn Januar oder bis an de Februar era bestoe bleiwe wäert. Et wéilt ee kee Risk agoen an dofir lo mol déi nächst Zäit keng Leit an d’Victor-Hugo-Hal loossen.

Dozou d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer:

Si hu gesinn, dass do e klengt Stéck erofgefall ass a mir hunn direkt e Statiker beoptraagt, fir ons doriwwer eng Analys ze maachen a gëschter Mëtteg ware mer du sur place mat all deenen, déi dofir responsabel sinn, an och Membere vum Schäfferot, a mir hunn do decidéiert, do awer kee Risiko wëllen anzegoen, do wäerte mer lo Netzer spanen, fir datt et duerno kann erëm funktionéieren.”

Ronn 60 Persoune schaffen am provisoreschen Impfzenter gläichzäiteg, fir eng 2.000 Leit den Dag kënnen ze impfen.

D’Rendez-vousen u sech bleiwe bestoen. D’Leit, déi e Rendez-vous um Lampertsbierg hunn, sollen de selwechten Dag an zur selwechter Zäit an d’Luxexpo the Box op de Kierchbierg goen.

PDF: Plan d'accès

Back to Top
CIM LOGO