Mat enger zolitter Formatioun am Gepäck fänkt fir dës jonk Fraen a Männer d'Aarbecht um Terrain un.

Eng gutt Partie vun hinne wäert an de Covid-Schnell-Test-Zenteren zum Asaz kommen.

De 6. September hat hir Grondausbildung zu Dikrech ugefaangen. Véier Méint huet se gedauert. Elo sinn si e wichtegen Deel vun der Lëtzebuerger Arméi.

Wärend der Formatioun ginn déi jonk Leit op Häerz a Nieren hin gepréift. Et ass wichteg, physesch a mental fit ze sinn. Mam ABC vun der Arméi fänkt d'Ausbildung un. Den Teamgeescht gëtt um Härebierg grouss geschriwwen.

Beschten aus der IB41, der Instruction de Base, gouf de Maurice Girres.

200 Zaldote kommen elo vum 14. Januar un an de Covid-19 Test-Zenteren zum Asaz. Dorënner sinn och Männer a Frae vun der IB41.

RTL

© Armée Luxembourgeoise

Hei dat offiziellt Schreiwes:

Le 7 janvier 2022, l'Armée luxembourgeoise a procédé, au Centre militaire à Diekirch, à la promesse solennelle de la 41e session de recrues. La cérémonie s'est déroulée dans un cadre restreint en raison des réglementations sanitaires en vigueur.

En présence du ministre de la Défense, François Bausch, 48 soldats volontaires ont prêté serment. Cette cérémonie marque pour les volontaires l'achèvement de l'instruction de base de quatre mois qui a préparé les recrues à leurs activités militaires futures au sein de l'Armée.

Dans son discours François Bausch a relevé la situation exceptionnelle dans laquelle se trouve l'armée en ce moment avec la mission des centres de test qui débutera dans une semaine et il a remercié les recrues pour leur engagement au service du pays.