
Zu Lëtzebuerg gëtt ee Platzverweis renforcé agefouert, dat gouf e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber decidéiert. Et handelt sech dobäi ëm eng Verschäerfung vun deem Platzverweis, deen et schonn zanter 2022 gëtt, deen awer eben net duergoe géing. D'Police kann an Zukunft a leschter Instanz eng Interdiction temporaire de lieu ausschwätzen, déi am Ganze fir 15 Deeg gëllt. Dat zum Beispill, wann eng Persoun d'Entrée vun engem Gebai blockéiert oder déi ëffentlech Rou gestéiert gëtt. De Rapporteur vum Gesetzestext, den CSV-Deputéierte Laurent Mosar, huet ënnerstrach, datt et net ëm de Kampf géint schwéier Kriminalitéit goe géing. Dat neit Gesetz wier net perfekt a keen Allheelmëttel, mee et wier op alle Fall besser wéi déi Reegelung, déi et bis elo gouf. D'Kriminalitéitsbekämpfung wier och ee wichtegt Mëttel, fir ze verhënneren, datt extremistesch Parteien un d'Muecht kommen. De Luc Emering vun der DP huet drun erënnert, datt et Ausnamen am Gesetz gëtt, zum Beispill wann déi betraffe Persoun innerhalb vum definéierte Radius wunnt oder wa se an deem Beräich ee wichtegen Dokter-Rendez-vous huet.
Vu groussen Deeler vun der Oppositioun koum iwwerdeems zolidd Kritik. Den Dan Biancalana vun der LSAP huet gemengt, datt de Platzverweis renforcé keng Problemer léisen, mee se just verlagere géing.
"Eng Persoun huet ze vill gedronk, si steet op enger Plaz, si jäizt, si ass ganz haart, si stéiert aner Leit, dat ass sécher keng agreabel Situatioun an natierlech muss d'Police kënnen agräifen, wann eng Situatioun eskaléiert oder wann aner Leit menacéiert oder gestéiert ginn. Mee wat geschitt dann? Déi Persoun gëtt da fortgewisen, si geet e puer Stroosse méi wäit oder an een anere Quartier, wou sech dat Behuele widderhëlt. Mee si ass nach ëmmer alkoholiséiert, si ass nach ëmmer opgereegt an hirer Situatioun."
Sozial Problemer géingen zu Sécherheetsproblemer gemaach, wat awer net zu hirer Léisung bäidroe géing.
Direkt e puer Riedner vun der Oppositioun hunn et begréisst, datt de Buergermeeschter, anescht wéi initial virgesinn, net méi am aktuellen Text virkënnt. Dat wier awer réischt op massiven Drock, ënnert anerem vum Staatsrot a vum Gemengesyndikat Syvicol, hi geschitt.
Den Inneminister Léon Gloden huet iwwerdeems betount, datt ee mam Platzverweis renforcé enger Demande vu ville verschiddene Gruppen nokéim.
"D'Poliziste wëllen de Platzverweis renforcé, d'Policegewerkschafte wëllen de Platzverweis renforcé, d'Leit dobausse wëllen de Platzverweis renforcé, d'Commerçanten dobausse wëllen de Platzverweis renforcé. An ech widderhuelen, den Espace public ass fir jiddereen do, d'Fräiheet vun deem engen, och dat steet an der Verfassung, hält do op, wou deem anere seng ufänkt."
De Gesetzesprojet 8426 gouf um Enn mat 42 Jo- géint 18 Nee-Stëmmen ugeholl.