
2 vun den 3 juristesch Avisen, déi RTL zanter en Dënschdeg de Mëtteg virleien, sinn zu dem Schluss komm, datt de Kontrakt vum Ëmweltministère mat dem Exploitant vun der “SuperDrecksKëscht” keng legal Basis huet. Dëst huet an deene leschte Stonnen nawell fir Opreegung bei den Deputéierte gesuergt, besonnesch op der Sich no de Leaks an hiren eegene Reien.
Déi 3 Avisen, je vun der wëssenschaftlecher Cellule an der Chamber, engem onofhängegen Affekot an den Ëmweltministère, sollte geheim bleiwen, doriwwer hat ee sech e Méindeg no der zoustänneger Kommissioun an der Conference des présidents gëeenegt. Nëmmen déi Deputéiert sollten Zougrëff hunn. Dat bis op d’mannst den nächsten Dag, wou d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg en Abléck hat, sou d’Fuerderung vun deene Gréngen.
Mat der Press iwwer Dossiere schwätzen, wier den Deputéierten awer net verbueden, huet de Sven Clement en Dënschdeg Owend an der Chamber säin Interview mat RTL verdeedegt. Schliisslech hat och d’Chamber schonn op hirem Internetsite zum Sujet kommunizéiert. Zu engem klengen Eclat hat awer gefouert, datt de Grénge Co-President Meris Sehovic en Dënschdeg de Moien als RTL-Invité vun der Redaktioun gesot hat, d’Avise schonns gelies ze hunn. D’Fraktiounspresidentin Josée Lorsché huet doropshi gemengt, d’Dokumenter kéinten un d’Fraktiounsmataarbechter weidergi ginn. Dem Protester am Sall no eng Meenung, déi déi Deputéiert net deelen.
Ënner Verschloss sinn d’Avisen elo awer zanter en Dënschdeg den Owend net méi. Unanime gouf eng gréng Resolutioun gestëmmt, déi d’Verëffentlechung vun den Avise virgesäit. Och d’CSV hat moies schonns eng Publikatioun gefuerdert an eng Resolutioun gemaach, déi awer vun der Majoritéit refuséiert gi war. Den CSV-Fraktiounspresident Gilles Roth hat am Debat eng voll Transparenz gefrot, wann een en neit Gesetz wëll maache fir d’Konventioun tëscht der “SuperDrecksKëscht” an dem Ëmweltministère. Bis elo wier déi net z’erkennen. Am Fall, wou een an der Kommissioun net zu enger Conclusioun kéim, géing hien noutfalls eng Enquêtekomissioun fuerderen.
Aus den zwee juristeschen Avisen, déi RTL virleien, geet ervir, datt d’legal Basis vum Kontrakt aus zwee Grënn géing feelen. Et hätt nämlech missen e Spezialgesetz gemaach ginn an en Debat an der Chamber ofgehale ginn. Dat éischtens, well et ëm e Montant vun iwwer 40 Milliounen Euro geet, a sech zweetens de Kontrakt iwwer e puer Joer zitt.
En Avis vum Ëmweltministère koum awer zum Schluss, datt net géint den Artikel 99 verstouss gi wier. An engem Communiqué vum Ëmweltministère steet, datt deemools speziell e Gesetz fir de Finanzement an de Fonctionnement vun der “SuperDrecksKëscht” gestëmmt gi wier. Am RTL-Interview en Dënschdeg de Mëtteg sot d’Ëmweltministesch, datt wann no Analysen an haiteger Lecture d’Gesetz vun 2005 als Basis vun der Konventioun net géing duergoen, da géing natierlech reagéiert ginn. De Piraten-Deputéierte Sven Clement sot am RTL-Interview, datt bis elo 40 Milliounen Euro ouni Rechtsgrondlag un de Exploitant vun der “SuperDrecksKëscht gefloss wier.
Fir den nächste Méindeg ass elo eng Diskussioun iwwer dee Sujet an der zoustänneger Kommissioun virgesinn. Bis dohinner kënnen déi Deputéiert dann nach weider no de Leaks an hiren eegene Reie sichen.