
RTL-Informatiounen no trëtt elo déi éischt Schäffe Monique Smit-Thijs vun der DP d’Nofolleg vum Frank Colabianchi un. D’Proporzgemeng Bartreng kritt domat eng Fra un d’Spëtzt.
Bis ewell war et nach onkloer, wien neie Bartrenger Buergermeeschter gëtt - d’Madamm Smit-Thijs war éischt Schäffen, de Patrick Michels ass zweete Schäffe gewiescht. Als Nächstgewielte bei der DP kéint de Frank Demuyser lo an de Schäfferot kommen.
Fir säi Récktrëtt ze motivéieren, huet de Frank Colabianchi perséinlech Grënn genannt. Hie war zanter 2009 Gemengechef an ass och Deputéierten an der Chamber.
Déi nei Buergermeeschtesch, déi nach muss vun der Inneministesch vereedegt ginn, ass fir d’DP zanter 2009 am Bartrenger Gemengerot. D’DP huet mat siwe Conseilleren d’absolut Majoritéit zu Bartreng am Gemengerot, de Frank Colabianchi bleift als Conseiller.
De Frank Colabianchi bleift och der nationaler Politik erhalen a bleift DP-Zentrumsdeputéierten. Zanter 2018 ass hien an der Chamber. De 59 Joer ale liberale Politiker ass an der Direktioun vum Dikrecher Lycée.