
E Samschdeg hat eng Fra en Auto en panne gemellt an den Ofschleefdéngscht geruff. Wéi den Ofschleefdéngscht op der Plaz ukomm ass, wollt de Chauffer de Service allerdéngs net bezuelen. Nodeems dunn och d’Police dobäikoum, huet sech erausgestallt, dass den Automobilist net just ze vill gedronk hat, mä och scho gemellt war am Hibléck op e Fuerverbuet mat Aschränkungen. Op Uerder vum Parquet gouf d’Gefier séchergestallt an de Chauffer gouf festgeholl.
E Sonndeg gouf ee Chauffer gemellt, deen op der Kräizung vun der Route de Trèves mat der Rue de Senningerberg zu Nidderaanwen e puer Pottoen ze pake krut an dunn do stoe bliwwen ass. De Chauffer hat däitlech ze vill Alkohol konsuméiert, wéi eng Policepatrull festgestallt huet. En Test huet dëst confirméiert an e provisoresche Fuerverbuet ausgestallt.
Méi spéit nach gouf en alkoholiséierte Mann an engem Café zu Gréiwemaacher gemellt, dee mat sengem Won vun engem Parking fortgefuer ass. Knapps fortgefuer, gouf hien och scho vun der Police gestoppt a kontrolléiert. Och hei war den Alkoholtest positiv an e provisoresche Fuerverbuet gouf ausgestallt.
Zu Zéisseng hat en onbekannten Täter eng Balconsdier ageschloen a war sou an eng Wunneng erakomm, déi doropshin duerchwullt gouf. E puer Bijoue goufe geklaut. E puer Stonne méi spéit koum et zu engem weideren Abroch. Déi Kéier zu Miersch. Hei hat de Brigang sech en Zougang iwwer d’Kellerdier verschaaft.
A béide Fäll goufen Ermëttlunge lancéiert.
E Sonndeg den Owend gouf an der Montée de Pfaffenthal an der Stad d’Fënster vun engem Auto ageschloen. Méi spéit um Owend gouf ee weideren Abroch an e Gefier am Garer Quartier gemellt. Och hei war den Onéierlechen duerch eng ageschloe Fënster zur der Bäifuerersäit erakomm. Geklaut gouf e Rucksak.