
D’niddreg Zënsen - oder d’labber Geldpolitik vun der europäescher Zentralbank - ass net d’Haaptursaach fir d’Hausse vun den Immobiliëpräisser. Dat ass doduerch bewisen, datt d’Iwwer- oder Ënnerbewäertung vun den Immobilien an all de verschiddene Länner an der Eurozon staark variéiert a well d’Präisser hei am Land scho virun der labberer Geldpolitik geklomme sinn. Dat liest een an engem Artikel, deen de Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank, de Gaston Reinesch, op sengem Blog publizéiert huet.
Effektiv geet aus Statistiken ervir, datt d’Logementspräisser déi lescht Joren zu Lëtzebuerg am meeschten an d’Luucht gaange si par Rapport zu den aneren Eurolänner. Donieft ass d’Iwwerbewäertung vun Immobilien hei am Land däitlech méi héich ewéi an den anere Länner an an eenzele Länner sinn d’Immobilië souguer ënnerbewäert. D’héich Logementspräisser hei am Land hunn och dozou gefouert, datt Lëtzebuerger Stéit méi héich Scholde wéinst Immobiliëkreditter hunn ewéi Stéit an anere Länner.
De Gaston Reinesch betount: Wier d’Hausse vun de Wunnengspräisser op d’Geldpolitik zeréckzeféieren, da misst d’Entwécklung vun de Präisser iwwerall änlech sinn, wat kloer net de Fall ass. Zwar géing d’aktuell Bëlleg-Geld-Politik vun der Zentralbank d’Hausse vun de Präisser amplifiéieren, sou de Gouverneur. Hien erënnert awer drun, datt déi Politik och noutwendeg war, fir ënnert anerem d’Ekonomie z’ënnerstëtzen. Dat scho virun der Pandemie.
D’Entwécklung vun den Immobiliëpräisser zu Lëtzebuerg wier net nohalteg a géing e Risiko, eng Vulnerabilitéit duerstellen. Déi Situatioun wier dem Gaston Reinesch no op strukturell Problemer zeréckzeféieren an zwar virun allem dorobber, datt d’Offer jorelaang der Demande net nokoum. De Gouverneur vun der Zentralbank schwätzt sech dowéinst fir e koordinéiert politescht Handelen aus, fir d’Offer u bebaubaren Terrainen a Wunnengen an d’Luucht ze setzen. Wat senger Meenung no géing hëllefen, wier ënnert anerem e kompetitive Bausecteur, mä awer och eng aner a méi effikass Landesplanung oder nach Steieren op eidel Terrainen a Wunnengen. Esou kéint d’Akkumulatioun limitéiert a méi Logement geschaaft ginn.