Reaktiounen op Mëssbrauch vu Chèque repasReglement vu Chèque repas soll nach dëst Joer iwwerschafft ginn

RTL Lëtzebuerg
Nom Selbsttest vun RTL iwwert de falsche Gebrauch vu Chèque repas, koumen elo déi éischt Reaktiounen.

Chèque repas dierfe just benotzt ginn, fir sech am Laf vum Aarbechtsdag e Mëttegiessen an engem Restaurant ze bezuelen oder sech e fäerdege Plat ze kafen. Sou steet et am Reglement Grand-Ducale vun 1986. An engem Selbsttest, deen en Donneschdeg Owend am Magazin diffuséiert gouf, huet RTL gewisen, dass ee mat de Chèque repas an de Supermarchéen awer och ganz aner Produite kafe ka wéi fäerdeg Platen. Dat ass gesetzlech net erlaabt an et ass e potenzielle Verloscht fir d’Staatsfinanzen. E Groussdeel vun der Valeur vum Chèque repas si steierfräi. Fir den Employeur si bis zu 8,40 Euro vum Chèque repas steierfräi, soulaang an der Entreprise keng Kantin ass an de Salarié 2,80 Euro vum Chèque repas sëlwer iwwerhëlt.

Dem Finanzministère ass dëse Problem bekannt. Genee dofir soll de Chèque-repas-System och iwwerschafft an d’Gesetz ugepasst ginn.
“Et gëtt aktuell eng Tendenz, fir d’Reegele beim Kaf mam Chèque repas ze vill breet auszeleeën, esou dass och Wueren, déi kéng Liewensmëttel sinn, domadder verkaf ginn. Méi allgemeng schéngen déi existent Reegele vun deem System net méi un d‘Realitéiten ugepasst an dofir gouf jo och schonn am Koalitiounsaccord eng Moderniséierung vum System festgehalen. De Finanzministère schafft un esou enger Reform vum Chèque-repas-System. Et gouf dozou och schonn en Austausch mam Secteur. An deem Kader ass och geplangt, fir d’Reglement vun 1986, wat de Gebrauch vun de Chèque-repase reegelt, unzepassen. Dëst soll nach dëst Joer passéieren.”, sou de Pressespriecher vum Finanzministère.

Ma och d’Voucher Issuers Association (VIA) Lëtzebuerg huet op eise Selbsttest mat verstoppter Kamera reagéiert. Si representéiert d’Entreprisen, déi esou Schecke verkafen. Hei zu Lëtzebuerg sinn dat d’Firme Sodexo an Edenred. Fir VIALuxembourg géif den RTL-Selbsttest op en neits weisen, dass et wichteg wier, de legale Kader ze iwwerschaffen an un Digitalisatioun vun de Chèque repas unzepassen.

© Communiqué Voucher Issuers Association

RTL-News: Zweckentfriemung vu Chèque repas - RTL confirméiert mat verstoppter Kamera

Back to Top
CIM LOGO