D'Handwierk an de Beruff vum Meeschter erëm méi valoriséieren. Mat dësem Zil gouf am Februar d’A.s.b.l. AMELUX gegrënnt.

Si fuerderen, datt den Ofschloss vun engem Meeschterdiplom gläichgestallt gëtt mat engem Bachelor-Niveau. Dëst wier e wichtege Schratt, fir dass erëm méi Leit sech dozou entscheeden, en Handwierksberuff ze léieren.

Amelux Asbl / Reportage Sabrina Backes

D’A.s.b.l. AMELUX wëll d’Interesse vun all Meeschter aus dem Enseignement zu Lëtzebuerg vertrieden, sief et Employéen oder Fonctionnairen.

Et hätt ee gemierkt, datt de Meeschter net méi dee Stellewäert an der Gesellschaft kritt, deen e verdéngt hätt. D'Konsequenz wier, datt ëmmer manner Leit d’Meeschterprüfung iwwerhaapt nach wëlle maachen. D’AMELUX huet hei eng konkret Fuerderung. Dozou hire President an Enseignant Christian Turk. Dat, wat mir do maachen, mir fuerdere jo lo, datt eng Meeschterprüfung e Bachelor-Niveau kritt. An ech mengen doduerch, dass déi Diplomer mol rëm e richtege Wäert kréien, huet de Jonke jo awer eng Perspektiv, well d'Meeschterprüfung ass jo awer deen héchsten Diplom am Handwierk. An ech mengen, wann deen eng uerdentlech Valeur huet, da kann dee Jonke sech jo eropschaffen, da kann ee jo Karriär maachen.

Wann et no de Kompetenze géing goen, déi am europäesche Qualifikatiounsrame festgeluecht sinn, muss eng Meeschterprüfung an den Niveau 6, also dee vun engem Bachelor agestuuft ginn. Ma zu Lëtzebuerg géing en awer just an den Niveau 5 klasséiert ginn. Wann een d’Meeschterprüfung mat engem Bachelor vergläicht, wat bei engem Bachelor d’Kompetenze sinn, wat dee muss kënnen, dann ass dat mengen ech dat nämmlecht, wat een als Meeschter muss kënnen.

De Manktem u qualifizéierte Personal weist sech och bei den Enseignanten. Dofir wëll sech d’A.s.b.l. dofir asetzen, datt méi Meeschteren an den Enseignement kommen, e Beruff, dee vill ofverlaangt. E Meeschter am Enseignement, dee muss jo mol säi Fach par xxcellence kennen. An da muss en och mat Leit kënnen. An et mécht een dann och nach eng pedagogesch Ausbildung. Dat heescht, e muss iwwerleeë kënnen, wéi een do déi Stonne sou an de Kontext setzt, dass de Jonken dobäi léiert an och versteet. An natierlech schaffe mir och mat Maschinnen, déi och dann deels geféierlech sinn. Mir hunn do eng grouss Responsabilitéit, well mir musse jo och kucken, datt deene Jonken näischt geschitt.

Och dëst géing sech erginn duerch d’Revaloriséierung vun der Meeschterprüfung. Am Grousse Ganze misst d'Handwierk erëm méi no un d'Leit bruecht ginn. Hei wier et och un der Regierung, fir aktiv d'Handwierk ze promoten.