Liicht SymptomerGesondheetsministesch Paulette Lenert positiv op de Coronavirus getest

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Gesondheetsministère en Donneschdeg an der Mëttesstonn matgedeelt huet, ass d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert positiv op Covid-19 getest ginn.

D’LSAP-Politikerin, déi och Vize-Premierministesch ass, hätt den Ament liicht Symptomer. Si ass komplett geimpft a krut och eng Booster-Impfung. Fir den Ament schafft d’Ministesch vun Doheem aus weider, wou si sech och isoléiert.

D’Gesondheetsministesch ass net deen eenzege Member vun der Regierung, dee rezent positiv getest ginn ass. Den Ausseminister Jean Asselborn hat leschte Freideg ee positive PCR-Test, d’Finanzministesch Yuriko Backes huet en Dënschdeg hir Infektioun bekannt ginn.

D’Schreiwes aus dem Ministère

Paulette Lenert testée positive (24.02.2022)

Communiqué par : ministère de la Santé

La Vice-Première ministre et ministre de la Santé, Paulette Lenert, a été testée positive à la COVID-19.

Disposant d’un schéma vaccinal complet et ayant reçu une dose de rappel (booster), Paulette Lenert présente actuellement de légers symptômes. Elle est en isolement à son domicile et continuera à exercer ses tâches et ses fonctions par la voie du télétravail.

Back to Top
CIM LOGO