Nom Regierungsrot an dem Energiedësch zesumme mat de groussen Energie-Fournisseuren e Méindeg de Moien zu Senneng stoungen e Méindeg de Mëtteg direkt 4 Ministere virun der Presse. Nieft dem Premier Xavier Bettel stoungen d’Familljeministesch Corinne Cahen, ma och de gréngen Energieminister Claude Turmes an den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot. Annoncéiert gouf e Pak vun am ganze 75 Milliounen Euro, fir déi privat Stéit z’entlaaschten.
An et wier wichteg ze weisen, dass déi ganz Regierung, déi ganz Koalitioun hannert dëse Mesurë géing stoen, sou de Premier Xavier Bettel. Hien ënnersträicht, dass den Drock géint Russland weider géing héich gehale ginn, ma Moskau géing och Géigesanktiounen preparéieren an déi wäert een och hei am Land spieren.“Mir sinn eis bewosst Sanktioune kaschten eppes. Russland ass ëmgaange Contre-Sanktiounen ze preparéieren a Fridden huet e Präis. A mir musse bereet sinn, deen ze bezuelen. Mir mussen eis preparéieren op déi verschidden Eventualitéiten. Mat präzise Moossnamen zéie mer elo schonn ee finanziellt, wirtschaftlecht a soziaalt Sécherheetsnetz ënnert eist Land, fir ebe ganz spezifesch Secteuren, wou mer wëssen, dass den Impakt och e groussen Impakt kann op déi schwächst an eiser Gesellschaft hunn, an dat ass fir eis Gesellschaft allgemengt.”Hëllefe fir d’Betriber wieren nach net sprochräif an donieft wéilt een och op Propose vu Bréissel waarden, sou de Wirtschaftsminister Fayot. Och op der Pompel, also do wou all d’Leit an och déi kleng a mëttelgrouss Betriber et am meeschte spieren, soll elo emol näischt geännert ginn. Dofir géing een awer do nobesseren, wou den akommesschwaache Stéit am meeschte gehollef wär.
D’Familljeministesch Corinne Cahen: “Mir hunn elo decidéiert, dass mir eng Energie-Primm aféieren an all déi Leit, déi eng Allocation de vie chère ze gutt hunn, an all déi Leit, déi hir Demande scho gemaach hunn oder nach maachen, déi kréien nach eng Kéier tëscht 200 a 400 Euro bäi. A mir hunn awer dunn decidéiert, dass mer och wéilten d’Limitt vun de Leit, déi dann déi Energie-Primm ze gutt hunn an d’Luucht schrauwen. Dat heescht, dass mer net géingen op deem Montant bleiwen, just fir déi, déi d’Allocation de vie chère ze gutt hunn, mee dass mer do 25 Prozent driwwer wéilte goen.” Et sinn awer d’Gaspräisser, déi am Brutaalsten an d’Luucht gaange wären, sou den Energieminister Claude Turmes. Dofir géing ee versichen, de Präis fir d‘Stéit ze stabiliséieren, andeems een d‘Netzkäschten erofsetzt.“De privat Haushalt, deen huet a sengem End-Gaspräis Netzkäschten, en huet puer aner Taxen asw an en huet de Präis vum Marché. De Präis vum Marché explodéiert an deen ze reegelen, dat ass onméiglech. Dat wat mer elo maachen, dat ass d’Netzkäschte fir Haushalter, déi Gas hunn, déi senke mer erof op null. An doduerch kënne mer quasi bis zu 500 Euro aspuere bei engem Duerchschnëttshaushalt.” Dëst misst awer gesetzlech reglementéiert ginn an dat Gesetz dierft fréisten am Abrëll/Mee gestëmmt ginn. Weider géifen och Mesurë geholl ginn, fir de Präis vum Stroum dëst an d’nächst Joer ze stabiliséieren. Fir Leit, déi mat Masutt hëtzen, ass deemno näischt virgesinn. Laangfristeg wären et awer souwisou d‘erneierbar Energien op déi ee misst setzen. Et wieren d’Energië vum Fridden. Weder mat Wandmillen nach mat Solaranlage kéint een erpresst ginn, sou den Energieminister Claude Turmes.