Fir un d'Affer vu Kricher ze erënnerenDen Dikrecher Militärmusée lancéiert de Projet "Echoes of War"

Marc Hoscheid
Um Online-Portal fënnt een eng 1.000 Gedenkmonumenter an 1.500 Biografie vu Leit, déi Kricher, notamment den 2. Weltkrich, matgemaach hunn.
© Marc Hoscheid / RTL

An Zäiten, an deenen et manner Zäitzeie gëtt, déi d’Erënnerungen un den Zweete Weltkrich awer och un aner militäresch Konflikter, wéi zum Beispill den 1. Weltkrich oder de Koreakrich oprechterhalen. Dat ass eng vun de wesentlechen Aufgaben vum Dikrecher Militärmusée. Zanter ronn engem Mount gëtt et dowéinst de Krichserënnerungsportal “Echoes of War”, wou een esouwuel Informatiounen iwwert Monumenter, wéi och d’Geschichte vun Eenzelpersoune fënnt.

Projet “Echoes of War” - Reportage Marc Hoscheid

Et kann ee schonn zimmlech séier den Iwwerbléck verléieren, bei der Kaart vu Lëtzebuerg um Site echoes-of-war.lu. Net, well se sou grouss wier, mee well et eng 1.000 Punkte sinn, déi een ugewise kritt. Jee méi no een eru zoomt, desto méi Punkte sinn ze gesinn. All Punkt steet fir ee Monument, et sinn dat an éischter Linn déi klassesch, also Plaquetten, Sailen oder Kräizer, wéi se nom Krich opgeriicht goufen. De Begrëff Monument ass awer méi wäit gefaasst, sou gehéieren zum Beispill och d’"Remember US” Panneauen, déi an deene leschte Joren als Erënnerung un d’Ardennenoffensiv opgeriicht goufen. An et gëtt och nach aner Zorte vu Monumenter, wéi den Direkter vum Dikrecher Militärmusée Benoît Niederkorn erkläert.

D’Stolpersteng sinn natierlech och ee Begrëff fir muncher een, mee do hält et net op, et ginn och ganz net traditionell Gedenkmonumenter, zum Beispill gëtt et a Kierche Fënsteren, wou mer een Zaldot hunn, deen do duergestallt ass, well e säi Liewe fir Lëtzebuerg ginn huet. An dat si sou Elementer, déi mer och nach net all fonnt hunn an deementspriechend frou sinn, datt mer lo ëmmer Feedback kréien, fir déi weider mat opzehuelen.”

Et huet sech iwwert e puer Joer gezunn, fir all d’Monumenter ze fotograféieren. Eng Aarbecht, déi virun allem vu Studente gemaach gouf.

Ma de Projet Echos of War besteet nieft de Monumenter nach aus engem zweete Volet, an zwar de Geschichte vu konkrete Persounen. Béid Datebanke kann een zwar onofhängeg vunenee kucken, mee se sinn trotzdeem matenee verknëppt.

“Herno ginn all déi eenzel Nimm, déi op deenen Tafele stinn, verlinkt. An esou kommt der dann op deem seng Biografie respektiv op mannst mol op déi primär Quellen, wéini ass e gebuer, wéini gestuerwen. An aktuell schaffe mer lo mol dorunner, eis Doudebillercher do dran ze setzen, de Musée huet der iwwert 700, mir hunn der och schonn iwwert aner Associatioune kritt, beispillsweis, déi och scho fir Lëtzebuerg am 2. Weltkrich zu Péiteng ausgestallt waren an domadder kréie mer schonn eng kritesch Mass zesummen, dat sinn der lo schonn iwwert 1.500.”

Doudebillercher goufe fréier virun allem bei Begriefnisser verdeelt. Nieft enger Foto vum Verstuerwene huet een och dacks den Numm, de Gebuerts- an den Doudesdatum vun der Persoun um Doudebildche fonnt. D’Websäit erlaabt et engem och, ganz geziilt no spezifesche Gruppen ze sichen, zum Beispill no Zwangsrekrutéierte, jiddesche Bierger oder och Kollaborateuren. Et kann een och tëscht deene verschiddene Kricher wielen.

Wann ee Fotoen an aner Informatioune vun enger Persoun ouni hiert Averständnis online setzt, stellt sech hautdesdaags séier d’Fro nom Dateschutz.

“Wa mer lo d’Doudebillercher hunn, déi ware jo och einfach fräi zougänglech, déi si verdeelt ginn. Mat eluxemburgensia vun der BNL huet een Zougank zu den Zeitungen, wou een d’Doudesannonce ka kucken, dat heescht, déi sinn ëffentlech zougänglech, dat kënne mer alles drasetzen. Wa mer aner Saachen hunn, da muss een effektiv kucken, wa mer lo géingen an d’Nationalarchiv goen, fir punktuell Leit ze kucken, muss ee kucken, datt dat mam Archivgesetz am Aklang ass. Mir hunn deen Exercice jo beispillsweis scho mat de Koreaner gemaach, wou mer och eng ganz Datebank opgebaut hunn a bis lo hate mer ëmmer éischter ee positive Feedback vun de Leit.”

An deene leschte Joren a Joerzéngte goufen eng ganz Partie Interviewe vun Zäitzeien, notamment vum 2. Weltkrich gemaach. Dës solle spéider dann och a verkierzten a kontextualiséierte Versioune bei déi jeeweileg Biografie bäigesat ginn.

De Projet Echoes of War gouf quasi integral vum Dikrecher Militärmusée realiséiert. Ënnerstëtzung, virun allem finanzieller Natur, gouf et awer vum Comité mémoire, der Oeuvre Nationale an der US-amerikanescher Ambassade. https://echoes-of-war.lu/de/home/13/home.html

Back to Top
CIM LOGO