
En Donneschdeg de Mëtteg ass iwwer 3 Motiounen ofgestëmmt ginn. Déi vun der ADR fir separat Jongen- a Meedercherstoilettë gouf refuséiert, si géif net wäit genuch goen. Déi aner zwou géint Diskriminatioun an de Schoulgebaier vun DP an CSV a fir den nationale Plang fir d’Promotioun vun den LGBTIQ+-Rechter vun der LSAP goufen ugeholl. Virun iwwer 2 Wochen ass déi Toiletten-Diskussioun an enger Chamberkommissioun lancéiert ginn.
Dem Claire Delcourt vun der LSAP no, hätt d’ADR d’Diskussioun mat Schlagwierder kënschtlech opgeblosen a bewosst esou gefouert.
“Hei féiert d’ADR bewosst e Kulturkampf. Si spléckt d’Gesellschaft a si stigmatiséiert Mënschen.”
De Fred Keup an d’ADR hu gekontert: Et wären net si gewiescht, déi ugefaangen hunn. Am Numm vun der Meenungsfräiheet dierft een dat Konzept an den LGBTIQ+-Plang refuséieren a kritiséieren.
“An Elteren a Kanner hunn d’Recht och géint LGBT-Fändele virun der Schoul ze sinn. A si hunn d’Recht, géint d’Gendersprooch ze sinn. An d’Elteren a Kanner hunn d’Recht, och e Weltbild ze hunn, wou et zwee Geschlechter gëtt, Mann a Fra.”
De Pirat Marc Goergen huet gemengt, datt déi schlecht Kommunikatioun vun der Regierung kengem gehollef hätt.
“Dir hutt enger ganzer Communautéit hei kee Bärendéngscht erwisen an Dir hutt immens Problemer, fir herno do akzeptéiert ze ginn. Grad am Lycée bei deene Jonken, hutt Dir Problemer geschaaft, déi net néideg waren. An ech hoffen, dass d’Regierung an Zukunft op eng besser Kommunikatioun zréckgräift. Well dat Eenzegt, wat Dir domadder fäerdeg bréngt, ass riets ze stäerken.”
Eng onnéideg Diskussioun wär et a schued, datt se misst an der Chamber gefouert ginn, dat gouf vu ville Säite bedauert. De Marc Baum vun déi Lénk huet et op seng Manéier resuméiert.
“Ech géif mer dës Diskussioun am léifsten erspueren, well se ass esou iwwerflësseg wéi de Schësser. Mir hunn et hei mam Ausdrock vun engem politeschen Armageddon ze dinn an dann d’Ëmfale vum Koalitiounspartner, deen Iech dann och nach an de Réck fält an der Form vu Poste vum Deputéierte Ricardo Brutus Marquez.”
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet um Schluss nach emol d’Konzept erkläert, wat dann elo schlussendlech am neie Lycée technique du Centre geplangt ass: Jongen- a Meedercherstoiletten an zousätzlech neutral Toiletten, déi net solle stigmatiséieren a wou jiddereen dierft higoen. An och méi sécher Toiletten, déi ënnen an uewen zou sinn, a Raim mat Lavaboen, déi no bausse méi op sinn.
Zum Sujet vun den Unisex-Toiletten an de Lycéeë war e Mëttwoch de Moien de Claude Meisch iwwregens och Invité an eiser Emissioun “Dir hutt d’Wuert” an huet Äre Froe Ried an Äntwert gestanen: