
Et ass eng Situatioun déi net méi z’akzeptéieren ass fir eist Land, eis Wirtschaft an eis Finanzplaz, sot den CSV-Deputéierte Laurent Mosar en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber wéi e säi Parteikolleeg, de Finanzminister Gilles Roth, mat de Schwieregkeete konfrontéiert huet, fir an engem raisonnabelen Delai e Kont bei enger Bank hei am Land opzemaachen.
Et géif alt fënnef Méint dauere bis een eng Äntwert krit. An et wiere carrement Campagnen amgaangen, zum Beispill an Irland, deenen hir Finanzplaz an direkter Konkurrenz zu der Lëtzebuerger steet, huet de Laurent Mosar scho bal geiergert. Campagnen, an deenen de Leit ofgerode gëtt, nëmmen net e Kont am Grand-Duché opzemaachen.
De Gilles Roth huet a senger Interventioun nuancéiert. Déi grouss Majoritéit vun de Kontosouverturë kéimen zustanen. Wann den Dossier da komplett ass. Et sollt een d’Saachen net méi schlecht duerstellen wéi se sinn. Och dat wier keng gutt Reklamm.
Privatleit, sou de Minister, hätten zanter 2014 per EU-Direktiv d’Recht, e Basisbezuelkont an der ganzer Europäescher Unioun opzemaachen. Aschränkunge géifen éischter Betriber concernéieren. Déi Prozedure géifen virun allem duerch déi méi streng Antiblanchimentsreegele gebremst ginn. D’Problematik wier och net spezifesch fir Lëtzebuerg. Brauch Lëtzebuerg also nees e Recht op e Basiskonto fir Betriber, huet den CSV-Finanzminister d’Fro opgeworf. Dat hätt et bis 2017 bei der Post ginn. Bis d’Chamber dat Recht mat 58 zu 60 Stëmmen ofgeschaaft hätt. Hie wier awer op, nees nei ze legiferéieren a méiglech Pisten z’exploréieren.
Reaktioun vum CSV-Finanzminister Gilles Roth
Déi nei sollen da bis Ouschteren virleien. Virausgesat, et gëtt keng Ofstrécher, weder bei der Kompetitivitéit nach an der Sécherheet.