Verfassungsreform3. Kapitel iwwer d'Rechter an d'Fräiheete gouf an der Chamber presentéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Revisioun vun der Verfassung gëtt domadder ëmmer méi komplett.
© RTL Archiv

D’Rapporteren hunn e Freideg an der Chamber dat drëtt Kapitel iwwer d’Rechter an d’Fräiheete presentéiert. Den nächste Mëttwoch soll d’Chamber eng éischte Kéier doriwwer ofstëmmen.

D’Rechter an d’Fräiheete baséieren um internationalen an europäesche Recht.

Grondrechter, déi nei an d’Lëtzebuerger Verfassung stoe kommen, sinn: „dem Mënsch seng Dignitéit ass “unantastbar"“, ewéi een op Däitsch seet. An: d’Recht op kierperlech a mental Integritéit, grad ewéi d’Verbuet vun der Tortur. Un de Grondrechter kann net gefréckelt ginn.

Déi sougenannt ëffentlech Fräiheete sinn an der Verfassung awer och staark protegéiert. Si kënnen nëmmen ënner ganz strenge Konditioune verännert ginn.

D’Rapportere Mars Di Bartolomeo, Léon Gloden, Charles Margue an Simone Beissel schwätze vun enger Revolutioun bei hirer zäitgeméisser Approche beim Recht op Famill. An der Verfassungskommissioun wär ee wäit ewech vun der traditioneller Usiicht, dass eng Famill muss aus enger Fra an engem Mann bestoen. Et hätt ee sech getraut, an den Text ze schreiwen, dass och eenzel Persounen a gläichgeschlechtlech Koppele sollen d’Recht hunn, eng Famill ze grënnen.

Och d’Rechter vum Kand géifen an dësem Text gestäerkt ginn, versécheren d’Rapporteren.

An der Kategorie „Ziler vum Staat“ si politesch Richtlinne fixéiert, ewéi zum Beispill, dass näischt soll ënnerholl ginn, wat sech géint de Klimaschutz riicht. Och eng Basis, fir géint d’Mësshandlung vun Déiere virzegoen, steet an der Konstitutioun.

E wichtegen Detail ass och, dass d’Lëtzebuerger Staatsbierger an och all d’Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen, um selwechten Niveau virum Gesetz sinn.

Wéinst der Komplexitéit vun der Verfassungsrevisioun verdeelt d’Chamber fir all Kapitel eng Broschür mat Explikatiounen an all d’Stéit am Land.

En Datum fir den zweete Vott vun de Kapitelen iwwer d’Justiz an dat vun der Monarchie ass nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO