
Ënnert anerem den Asaz vun auslännesche Consultanten an eng “Attaché à la direction” géinge kritiséiert ginn. 24 vu 40 Mataarbechter vum ëffentleche Betrib hu sech an engem Bréif un d’Kulturministesch Sam Tanson beschwéiert, well se ëmmer méi ënner Drock wieren.
Zanter 5 Méint leeft eng Mediatioun. D’Sam Tanson sot dem 100,7 si kéint net soen, wéi d’Situatioun aktuell wier – Stand 9. Mäerz – mee si hätt positiv Echoe vun där Mediatioun kritt.