Virun enger knapper Woch war zu Heeschpelt d'Läich vun engem 56 Joer ale Mann fonnt ginn. Hien ass wuel net un engem natierlechen Doud gestuerwen.

Heeschpelt an der Gemeng Wal. Hei ass d’Welt nach an der Rei, denkt ee wann een duerch dat kléngt Nascht fiert. Gutt 110 Awunner, e puer Bauerenhäff, eng Rei éischter nei Haiser, eng Kierch an e Café, dee just sonndes no der Mass ophuet. Bis bei de Stauséi ass et net wäit, d’Haaptattraktioun: eng wäit Vue iwwert d’Éisleker Koppen.

De leschte Méindeg ass déi kleng Communautéit awer aus alle Wolleke gefall. Vun deem Dag un ass d’Suerg vun den Heeschpelter confirméiert: Ee vun hinne lieft net méi, an et war keen natierlechen Doud. E Méindeg huet d’Police dee 56 Joer alen Här O. dout am Keller vu sengem Haus fonnt. Am Duerf kennt jiddereen hien als "de Poli". Seng 38 Joer al Fra gouf festgeholl, wéi de Parquet matdeelt sëtzt si am Moment an Untersuchungshaft. Wat ass hei an dem wäissen Haus mat der Plastiksfassade geschitt?

Wou ass de "Poli"?

Réckbléck: Den Dag virdrun, et ass Buergsonndeg zu Heeschpelt a wéi all Joer gëtt fir d’Buergbrennen opgehuewen. Och beim "Poli" schellen den Heeschpelter Club des Jeunes, deem seng Memberen deelweis allerdéngs net méi ganz esou jonk sinn. Seng Fra mécht d’Dier op, de "Poli" wier net doheem - sou gëtt et am Duerf gezielt. Säin Auto hätt awer hannert der Scheier gestanen. Dat kënnt de Leit komesch vir, schonn zanter op d'mannst zwou Wochen huet kee méi de "Poli" gesi gehat, d’Fra hätt ëmmer aner Excusë gehat, si hätt awer ganz roueg a reflektéiert gewierkt. "Du sote mir, elo geet et duer, lo ruffe mir d’Police", erzielt en Heeschpelter. "Well dat war net déi éischte Kéier, dass hien am Keller agespaart war". Hätt ee missen éischter intervenéieren? "Dat ass schwiereg, hien huet jo ni eppes gesot".

Eng Geschicht, déi och d’Nopere vum "Poli" confirméieren. D’Koppel D. wunnt just e puer Meter niewendrun an hat méi Kontakt mam Noper. Et mierkt een hinnen un, wéi no hinnen deen Doud geet. Si froe sech, wat genee geschitt ass. "De Poli war ëmmer immens hëllefsbereet", erënnert sech den Här D. "Ech erënnere mech, wéi hie mir deemools gehollef huet, mäi Boot op de Stauséi ze féieren an do an d’Waasser ze loossen. Wann een Hëllef gebraucht huet, sot hien ëmmer direkt jo dajee alt. Fréier huet hie mat senger Mamm a sengem Brudder an dem alen Haus gewunnt, déi sinn awer scho méi laang dout. Et waren einfach Leit, déi net vill haten, awer ëmmer geschafft hunn. De Poli war ee vun de beschte Mecanicienen, déi ech kannt hunn, ma leider huet e seng Plaz wéinst dem Alkohol verluer" Eng Ausso, déi een och am Nopeschduerf deelt. "Jo, mir hunn an der Zäit vill mat him geschafft, hien ass ëmmer komm, fir eppes ze flécken, do hat hie wierklech Talent. Deen eenzege Problem war den Alkohol".

En isoléierte Stot

No dem Doud vu Mamm a Brudder hätt sech de Poli ëmmer méi zréckgezunn, esou ass et am Duerf ze héieren. Dat hätt och u senger Fra geleeën, déi hie systematesch isoléiert hätt. Seng Fra, eng Brasilianerin, hätt hie virun ongeféier 10 Joer bestuet. Si ass am Duerf ugeeckt, wier aggressiv gewiescht, et geet riets vu psychiatreschen Opfällegkeeten, Openthalter an der Psychiatrie a spezielle reliéise Ritualer, déi am Duerf fir Gespréich gesuergt hunn. D’Haus vun der Koppel O. ass faarweg dekoréiert, e Schëld un der Mauer vun der soss e bëssen delabréierter Fassade versprécht Harmonie. Am Haus selwer wier dat awer net de Fall gewiescht, scho virdru wier d'Police heiansdo bei der Koppel O. gewiescht, erzielt en anere jonken Heeschpelter. "D’Haus war chaotesch", erzielt och den Här D.

D’Nopere froe sech ëmmer nees, ob si eppes hätte kënnen anescht maachen, ob si méi hätte maache missten, ma dat ass schwéier op engem Duerf, wou jidderee jidderee kennt. Wann een hei d’Police rifft, weess een, wien dat war.

Net méi ze erreechen

D’Koppel D. hätt e puer Mol probéiert, de "Poli" an de leschte Wochen ze erreechen, se si schelle gaangen, hunn ëmmer nees ugeruff, kruten de Mann awer net ze paken. No engem Tëschefall tëscht dem Noper an dem spéideren Affer senger Fra den 8. Februar wier de Kontakt definitiv ofgebrach, esou den Här D.

Owes wieren dunn SMSe komm, an deenen den Här D. opgefuerdert gouf, sech net méi ze mellen. "Fir eis war et kloer, dass de "Poli" déi SMSen net selwer geschriwwen hat". Den Här D. hätt dorops hi scho virum Buergsonndeg d’Police kontaktéiert, ma et wier awer näischt geschitt. "Ech war awer bis zur Lescht der Meenung, hie géing nach liewen".

Wat op den éischte Bléck wéi déi traureg Eskalatioun vun engem ongléckleche Mariage kléngt, geheit op den 2. Bléck net nëmme bei Heeschpelter eng Rëtsch Froen op, déi iwwert de Fall O. erausginn: Gëtt haislech Gewalt géint Männer hei am Land vläicht net esou eescht geholl? Hätt d’Police scho bei deem éischten Appell missen intervenéieren? Hätte si selwer misse méi decidéiert hannendru sinn, fir den Noper vläicht nach mat Zäit kënnen ze retten?

Gewalt am Stot?

Déi lescht Zuelen zu haislecher Gewalt datéiere vun 2020, 1.679 Persoune sinn hei Affer vu Gewalt am Stot ginn, a knapp 37% vun de Fäll waren d’Affer Männer, knapps e Fënneftel iwwer 50 Joer al. De groussen Deel vun den Täter ass männlech, Täterinne maachen 30% vun der Statistik aus.

Op eng éischt Nofro erkläert d'Police, et kéint een zu der Affär O. nach keng weider Detailer ginn. Och beim Parquet gëtt et nach keng nei Entwécklung, d’Fra sëtzt de Moment nach an Untersuchungshaft. Mir bleiwen un der Affär drun.