Background am Gespréich (14. Februar)Thema: Gutt Liewen am Alter

Marlène Clement
E Samschdeg sinn d'Edmée Anen, den Alain Brever an de Réné Dondelinger eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

D’Liewenserwaardung vun de Lëtzebuerger Residente läit haut an der Moyenne bei bal 83 Joer. Wat kann een am Alter maachen, fir esou laang ewéi méiglech aktiv an autonom ze bleiwen? Ass d’Digitaliséierung eng Hëllef oder eng Barriär am Alter? Wéi eng Roll spille Gesellschaft a Politik?

Doriwwer schwätze mer dës Kéier mat dräi Invitéeën: D’Edmée Anen, Generalsekretärin vun der Amiperas, den Alain Brever, Direkter vum GERO Kompetenzzenter fir den Alter, an de Réné Dondelinger, President vun der Société Médicale Luxembourgeoise de Gériatrie et Gérontologie.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.

Back to Top
CIM LOGO