
Doropshin ass e mat der Bäifuerersäit an e Bam gerannt. De Chauffer gouf am Auto ageklemmt an huet missen erausgeschnidde ginn. E koum an d’Spidol. Fir déi 50 Joer al Bäifuererin vu Garnech koum all Hëllef ze spéit. Si ass nach op der Plaz gestuerwen.
De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police war op der Plaz. Den CR102 tëscht dem Katrewang a Keespelt war fir e puer Stonne fir den Trafic gespaart.

Ambulanze vu Mamer a Stengefort waren am Asaz, grad ewéi de Samu an d’Pompjeeë vu Kielen a Mamer.
E Méindeg de Moie géint 6.45 Auer ass iwwerdeems zu Péiteng an der Rue de l’Hôtel de Ville eng Persoun ugestouss ginn.