Police bestätegtZu Esch-Sauer an der Rue du Moulin gouf e Bancomat aus der Mauer gesprengt

RTL Lëtzebuerg
Nodeems et e Freideg zu Käerjeng de Fall war, ass et elo d'Nouvelle, dass och zu Esch-Sauer e Bancomat gesprengt gouf.
Bancomat zu Esch-Sauer aus Mauer gesprengt
No Käerjeng d’lescht Woch, war et an der Nuecht op en Dënschdeg zu Esch-Sauer esouwäit. E Bancomat gouf aus der Mauer gesprengt.

Geschitt ass dat Ganzt kuerz no 2 Auer an der Nuecht op en Dënschdeg, wéi d’Police an hirem Bulletin matgedeelt huet. An engem éischten Telefonsgespréich war nach vun 3 Auer rieds.

D’Brigange konnte sech duerch d’Bascht maachen. Ob se och reell Sue geklaut hunn, konnt d’Police an enger éischter Phas net bestätegen. Eng Enquête soll dat elo klären.

Fürerschäin agezunn

D’Police mellt dann nach, dass um Dënschdeg géint 1 Auer an der Avenue de la Liberté an der Stad en Automobilist duerch säi Fuerstil opgefall ass. Bei der Kontroll gouf festgestallt, dass de Chauffer ze vill gedronk hat. De Fürerschäin gouf op der Plaz agezunn.

Auto a Camper geklaut

An der Nuecht op en Dënschdeg gouf an der Rue Andre Gide zu Diddeleng e schwaarze Fiat 500 mat der Plackennummer SV4430 (L) geklaut. Den Auto huet rout Spigelen, grad ewéi rout Dekosträifen op der Säit.

Tëscht e Méindegnomëtteg an en Dënschdegmoie gouf zu Réimech an der Route vu Vin e Camper CI-CARAVANS Wilk mat de Placken DA8647 (L) geklaut.

Back to Top
CIM LOGO