2. Deel an der Stroossbuerger StroossFréibiere fir déi éischt Geschäftsleit

Monica Camposeo
Et ass 5 Auer moies. Wärend vill Leit nach am Bett sinn, lafen an der Bäckerei an och an der Epicerie just vis-à-vis d'Aarbechte schonn op Héichtouren.
2. Deel an der Stroossbuerger Strooss
Fréibiere fir déi éischt Geschäftsleit an der Stroossbuerger Strooss

2. Deel an der Stroossbuerger Strooss / Rep. Monica Camposeo

D’Mataarbechter vun der Epicerie a vun der Bäckerei sinn nieft e puer Sans-Abrien, déi d’Nuecht hei verbruecht hunn, ee vun deenen éischten, déi Moies an der Stroossbuerger Strooss ënnerwee sinn. Wann déi meescht nach Doheem am Bett leien, fänkt fir si d’Aarbecht un. An der Bäckerei gëtt de Schäffchen ugeschmass an d’Schneekegkeeten an d’Vitrinn geraumt. Och d’Epicerie ass um fréie Moien scho beliwwert ginn. An hirer Kiche ginn Plate preparéiert an Sandwiche beluecht.

Dem Gérald Polis seng Epicerie huet 2004 hir Dieren an der Stroossbuerger Strooss opgemaach. Viru kuerzem si si dunn vun enger Stroossesäit op déi aner geplënnert. Fir hie goufen et zwee Grënn an dëser Strooss säi Geschäft opzemaachen, dat haaptsächlech Haute-Gamme-Produiten ze bidden huet. Op där enger Säit war ëm 2004 de Loyer an der Stroossbuerger Strooss méi liicht ze droen. “An der Uewerstad war et einfach ze deier”, sou de Gérald Polis. De Gerant hat sech awer och fir dës Plaz entscheet, well hei fréier d’Central Poissonerie war, e Fëschbuttek, deen eng gewësse Clientèle ugelackelt huet, déi och de Gérald Polis uviséiert hat. Elo huet hie selwer am Geschäft, wou viru kuerzem nach seng Epicerie war, e Fëschbuttek opgemaach.

An der Stroossbuerger Strooss ass de Gérald Polis zefridden. D’Strooss hätt sech gutt entwéckelt, och wann een ëmmer mol Héichten an Déiften huet. D’Clientèle ass ganz differenzéiert. Vun Awunner aus dem Quartier bis hin zu Leit, déi speziell fir seng Produiten an de Garer Quartier kommen, ass alles dobäi.

Ma och an der Bäckerei fält d’Vilfältegkeet vun der Clientèle op. Eng Partie Cliente kommen all Dag de Kaffi an d’Mëtsch sichen op hirem Wee fir op d’Schaff. Dës kennt een dann an et gëtt gäre mol gepotert. Et gesäit een awer och ëmmer nei Gesiichter, erzielen d’Mataarbechter. D’Tania Schiltz schafft réischt zënter dësem Februar an der Bäckerei a kënnt net aus der Géigend. D’Ambiance an der Stroossbuerger Strooss fënnt si bis ewell awer ganz gutt. Wa si op d’Aarbecht kënnt, ass et an der Strooss nach ganz roueg, am Laf vum Dag da kënnt méi Beweegung an de Quartier.

D’Bäckerei ass den Ament vu méindes bis samschdes op, an Zukunft wëlle si awer och Sonndes hir Dieren opmaachen an e Brunch ubidden. Zil heivunner ass et, eng Aart Treffpunkt nieft der Spillplaz ze schafen, wou d’Leit aus dem Quartier sech kenneléieren a sech treffen. Domat erhofft ee sech, dass d’Leit aus der Strooss méi zesummekommen a kommunizéieren, dat wier den Ament nämlech net sou vill de Fall, erzielt d’Mataarbechterin Béatrice Gall.

Um Mëttwoch geet et am 3. Deel iwwert d’Stroossbuerger Strooss ëm eng Léierin, déi hei an der Primärschoul schafft an d’Streetworker vun À vos côtés, déi scho moies hiren Tour duerch d’Strooss maachen.

1. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Eng Strooss mat vill Geschicht, déi een och haut nach gesäit

Back to Top
CIM LOGO