Wat ginn an der aktueller Situatioun an der Ukrain fir Hëllefe gebraucht?
Wärend zwou an enger hallwer Stonn hu méi wéi 15 Riedner aus de verschiddenste Vuen erkläert, wéi si d’Krichssituatioun an d’Flüchtlingswell erliewen.
Méi wéi 460 Tonnen un humanitärer Hëllef, déi an d’Ukrain geliwwert goufen an iwwer 300 Flüchtlingen, déi ee perséinlech un d’Grenzregioun siche war a mat op Lëtzebuerg bruecht huet. Dat ass den Tëschebilan, vun der asbl LUkraine, déi sech zanter dem Ufank vum Krich fir d’Leit aus der Ukrain asetzt. Um Donneschden hat d’Associatioun mat all hire Partner erkläert, wat am Kader vun der aktueller Krichssituatioun op nationalem an internationalem Niveau ënnerholl a weiderhi gebraucht gëtt.
Wärend zwou an enger hallwer Stonn hu méi wéi 15 Riedner aus de verschiddenste Vuen erkläert wéi si d’Krichssituatioun an d’Flüchtlingswell erliewen an op wéi engen Niveaue gehollef gëtt, respektiv nach soll ginn.
Zu Lëtzebuerg hu bis ewell 4.000 ukrainesch Flüchtlingen eng Demande fir international Protektioun gemaach. Vun Ufank un kréien d’Leit hei vun der Asbl LUkraine ënnert d’Äerm gegraff.
Fir dass d’Flüchtlingen zu Lëtzebuerg net eréischt no 3 Méint mee direkt an de Bénéfice vun der Sécurité sociale kommen, gëtt dat entspriechend Gesetz geännert. Ausserdeem kréien d’Refugiéë Consultatioune beim Dokter zu 100% rembourséiert a kréie vollen Accès op Covid-Impfungen.
Am Service de scolarisatioun fir auslännesch Kanner zu Lëtzebuerg si mëttlerweil bal 950 ukrainesch Flüchtlingskanner am Alter tëscht 3 an 19 Joer passéiert. Vun hei aus gi si a Betreiungsstrukturen an an d’Schoulen, virop europäesch Schoulklassen, orientéiert.