Liberty Steel an der Belsch ass quasi faillite an dat huet Konsequenze fir d’Wierk hei am Land.
Dowéinst waren am Wirtschaftsministère d’Regierung an d’Gewerkschafte beieneen. All Optiounen, wéi et kéint viru goen, si gekuckt ginn. Eng Léisung gëtt et nach ëmmer net. An d’Leit, déi do schaffen, fäerten ëm hir Pai.
Zanter dem Ufank vum Mount gëtt zu Diddeleng guer näischt méi produzéiert, d’Maschinne lafen net méi.
D’Leit ginn zwar schaffen, mä mussen sech éischter d’Zäit verdreiwen wéi soss eppes, sou de Robert Fornieri vum LCGB...
“Pour le moment on ne fait que tuer le métier. Liberty s’acharne et tue le métier de Dudelange. Les gens perdent leurs compétences et pendant ce temps-là les gens sont occupés 2/3 du temps à faire d’activité d’entretien et un tiers dispense de travail rémunéré à la maison.”
Déi 1. Prioritéit wär wierklech déi, datt d’Leit hir Paie kréien, seet och de Stefano Araujo vum OGBL.
“Wa Liberty Steel net d’Méiglechkeet huet, d’Paien ze bezuelen, musse mer sou séier wéi méiglech e Repreneur fannen. Deen eng Aktivitéit bréngt. Well dat ass de Problem haut, zanter zwee Joer hu mer e Proprietär, deen et net fäerdeg bréngt, säi Wierk zum Lafen ze bréngen.”
Iwwer e fiabele Repreneur gëtt zanter Méint diskutéiert, zwee wären der interesséiert.
D’Regierung - an dat waren de Wirtschaftsminister Franz Fayot an den Aarbechtsminister Georges Engel - huet op en Neits hir Ënnerstëtzung zougesot. Déi Suerg, déi d’Gewerkschaften hunn, hu mir och, huet de Georges Engel ënnerstrach:
“Mir deelen zu 100% déi Suerg, datt d’Leit hir Pai kréien, fir hire Loyer ze bezuelen a fir ze liewen. Et ginn do eng Rei Zenarien, déi méiglech sinn. Ënnert anerem gesäit d’Gesetz verschidde Mesure vir. Och de Fonds pour l’emploi kéint asprangen.”
Asprangen an hëllefen wäert d’Regierung, huet de Minister Franz Fayot verséchert. D’Vertrauen an d’Direktioun wär net méi do an d’Situatioun ganz grave.
“Dat ass fir mech komplett inacceptabel. Hei gëtt e Wierk wierklech ze Grond goe gelooss. Mäi Wonsch ass, datt mer sou séier wéi méiglech an eng Faillite kommen, fir datt eng Reprise ka sinn vun Diddeleng. Fir datt weider ka geschafft ginn an datt d’Leit, déi do schaffen, hir Aarbechtsplaz kënne behalen.”
D’Sich no engem neien, zouverlässege Patron geet also virun. Offiziell gëtt et do nach näischt Neits.